Bëschofswei
De 24. Juli 2019 war de Chanoine Leo Wagener vum Poopst Franziskus zum Titularbëschof vun Aquae Novae in Numidia an zum Weibëschof an der Äerdiözes Lëtzebuerg ernannt ginn. Seng Bëschofsdevise ass: AD FONTES FIDEI – ZU DE QUELLE VUM GLAWEN – AUX SOURCES DE LA FOI.
De Mgr. Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, hat häerzlech agelueden, un der Bëschofswei vum Mgr. Leo Wagener e Sonndeg, den 29. September 2019, um 15:00 Auer an der Kathedral vu Lëtzebuerg deelzehuelen.