
In: Pfarrbriefservice.de
Op ee Wuert
E Bibel-Podcast
2000 Joer a méi sinn e laangen Dag. Esou wäit zréck hunn awer eng Rei Ausdréck, déi mer haut gebrauchen, hir Wuerzelen.
Wat hunn se deemools bedeit? Verstinn a gebrauche mer se richteg?
Kommt, kucke mer, wou déi Ausdreck hierkommen, kucke mer, wat domadder geméngt ass.
"Biblesch" Ausdréck, déi an d'Alldaagssprooch iwwergange sinn
Wou se hirkommen a wat se eigentlech bedeiten

Apocalypse now? Apokalyptesch Biller?
Kommt, kucke mer mol, wou dat Wuert hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:
d’Verbe “apokalypto” bedeit am Griicheschen, dat zu dier Zäit, wéi d’Aalt Testament aus dem Hebräeschen op Griichesch iwwersat gouf, an och nach, wéi d’Bicher vum Neien Testament geschriwwe si ginn, fir d’éischt emol “eppes fräi maachen” (wéi z.B. de Kapp fräi maachen, wann een e Schleier ausgedoen huet), an “eppes weisen” (wat virdru verstoppt woar).
Am iwwerdroene Sënn bedeit “apokalypto” dann och “maachen, datt eppes voll a ganz bekannt a gewosst gëtt”, dat dann och doruechter “verbreet” gëtt – et ass, wéi wann “e Rido op eng Säit gezu gëtt”.
Elo goufen et zanter dem 6. Jorhonnert vru Christus Texter, déi « e Rido op eng Säit zéie » wollten, besonnesch awer gouf et dier tëscht dem 2. Jorhonnert vrun an dem Ufank vum 2. Jorhonnert no Christus ; Texter, Bicher, déi mer an der Bibel erëmfannen, awer net alleguerten. Dës Texter a Bicher goufen « Apokalypse » genannt, eng litteraresch Gattung, esou wéi et der och haut gëtt, z. B. déi litteraresch Gattung vum Krimi, vum Abenteur-Roman, an nach vill anerer.
Et ginn an der Bibel Apokalypsen am Alen Testament; am Bekannste sinn dat do d’Kapitele 7-12 aus dem Buch Daniel. Am Neien Testament ass et d’”Apokalyps vum Johannes”, dat lescht Buch vun der Bibel.
Vru wat soll dann do de Rido op d’Säit gezu ginn? Wat soll bekannt, gewosst an doruechter verbreet ginn?
Ma, datt d’Judden oder d’Chrëschten sech duerch allerlee Ënnerdréckung a Widderstänn, déi si erliewen, net ënnerkréie loosse sollen : déi grujeleg Beschreiwunge vu Katastroophen a Krankheete sinn Ëmschreiwunge fir déi schwiereg Ëmstänn an deenen si deemools gelieft hunn.
Apokalypsen an der Bibel ruffen dozou op ze lauschteren, d’Aën opzemaachen, ze kucken an ze verstoen, wat hannert deem steet, wat an der Welt geschitt; a fir d’Judden an d’Chrëschten aus dier Zäit, huet dat bedeit datt et Gott ass, deen hannert Allem steet, vum Ufank bis un d’Enn an doriwwer eraus.
Firwat ginn dann esou verschlësselt Biller gebraucht? Ma, well wann eppes ënnert Verschloss ass, ass et wichteg; et muss een sech ustrenge fir drun ze kommen oder awer, et muss een zum Krees vun deene gehéieren, déi e Schlëssel hunn.
Eng Apokalyps ass also net e Buch iwwert Katastroophen, déi geschéien oder um Punkt sinn ze geschéien. Zu engem Buch iwwert Katastroophen gouf z. B. d’Apokalyps vum Johannes eréischt ëmt d’Joer 1000, wéi a Priedegten déi däischter Biller, déi fäerten dinn, betount goufe fir datt d’Nolauschterer sech séier vill Méi ginn, d’Kéier an hirem Liewen ze kréien.
An, dovunner ofgesinn, huet de Mënsch ganz allgemeng d’Tendenz, éischter schlëmm Noriichten virunzegi wéi dier gudder; et brauch een nëmmen eng Zeitung opzeschloen oder d’Noriichten op der Telee ze kucken.
Eng Apokalyps ass also e Buch mam Opruff fir duerzehalen : Hire Message ass et, datt net alles ëmsoss ass; fir déi, déi eng Apokalyps geschriwwen hunn, hat d’Geschicht vun der Welt - an och hir eegen - e Sënn. Och, wann et dee Moment grad net dono ausgesinn huet.

In: Pfarrbriefservice.de
Sech fillen, wéi en “einsame Rufer in der Wüste”? Sech fillen, wéi “eng Stëmm, déi an der Wüüst rifft”?
Kommt, kucke mer mol, wou deen Ausdrock hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:
D’Bild vun enger Stëmm, déi an der Wüüst rifft, kënnt aus den Evangelien a gëtt do op de Johannes den Deefer bezunn. D’Bild selwer awer ass aus der Griichescher Iwwersetzung vum Alen Testament, méi genee aus dem Buch vum Prophéit Jesaja iwwerholl, aus dem 40. Kapitel, dat laang viru Christus néiergeschriwwen an dono iwwersat gi woar.
Mee, firwat sinn da Passagen aus dem Alen Testament iwwerholl ginn, an engem oder eppes an den Evangelien zougeuerdent ginn?
Ma, dat ass geschitt wéi déi éischt Generatioune vun Unhänger vum Jesus vun Nazareth – déi éischt Chrëschten also - sech beméit hunn, méi genee ze verstoen, wien dee Jesus wier a wat seng Missioun woar : Dofir sinn si an hir helleg Schrëften – haaptsächlech an d’Schreiwësse vun de Prophéiten an an d’Psalmen – no Erklärunge siche gaang, no Texter, wou si gemengt hunn, Äntwerten op hir Froen ze fannen.
A genee dat ass och hei geschitt: Engersäits woar do de Priedeger Johannes, deen, wuël mat Lächer a senger Biographie, och baussent dem Neien Testament beim Juddesch-Réimesche Geschichtsschreiwer Flavius Josephus bekannt ass. - De Johannes gouf “den Deefer” genannt ; op dier anerer Säit woar do de Jesus vun Nazareth; déi zwee, grad ewéi hir Schüler, hir Jünger, hunn sech, den Evangelien no, kannt an si haten op d’mannst zäitweileg mateneen ze dinn. - Den éischte Chrëschten huet et du geschéngt, wéi wann de Johannes, mat deem, wat hie gesot a gemeet huet, op de Jesus a seng Missioun higewisen hätt. Dat heescht, datt de Johannes déi “Stëmm” woar, déi “an der Wüüst” geruff huet an déi laang virdrun am Buch Jesaja ugekënnegt gi woar.
Wat huet hien dann elo geruff?
Ma, zum Beispill, datt et héich Zäit wier, datt d’Leit « ëmdenke » géifen. Haut géife mer soen, datt et héich Zäit wier “eng aner Haltung am Liewen” anzehuelen an dann och unzefänken, anescht ze liewen. An den Evangelie gëtt verzielt, datt ganz vill Leit aus de Stied an den Dierfer eraus bei de Johannes un de Rand vun der Wüüst bei de Jordan gaange si fir ze héieren, wat hie sot. Vill hunn sech der och vun him am Waasser ënnerdauche gelooss, fir ze weisen, datt si wierklech eppes an hirem Alldag ännere wéilten.
Mee, hie wier awer net bei jiddferengem gutt ukomm mat sengem Opruff : Esou wier de Kinnik Herodes Antipas guer net frou gewierscht, wéi de Johannes him ëffentlech d’Levitte geliesen huet, well hien sech mat senger Schwéiesch bestuet hat. An um Enn hätt dat hie wuertwiertlech de Kapp kascht.
D’Erfarung weist, datt Begeeschterung fir eppes z’änneren sielen unhält – déi gutt Virsätz: Wou sinn se hin?
Dobäi kënnt dann nach, datt de Johannes, wéi sou muneche Prophéit oder Eremit virun him, an der Wüüst, gelieft huet. D’Wüüst ass déi Plaz, wou, der Iwwerliwwerung no, Israel Gott begéint ass, wéi deen, dee mat hinnen ënnerwee woar. Fir eis awer ass d’Wüüst déi Plaz, wou ee wuël ruffen a jäitze kann - wou awer keen Echo ass, nëmme Stëllt; do kënnt keng Äntwert op eis Stëmm; dat Gesotend verpufft einfach.
An esou gouf dem Johannes dem Deefer seng « Stëmm, déi an der Wüüst rifft » gläichbedeitend mat engem, dee virun eppes warnt, deen op eppes opmierksam maache wëlt, jo, deen esouguer Geforen op sech hëlt, ma, deen awer keen Echo kritt an esou eléng do steet wéi an enger Wüüst.
Info
Redaktioun: Fränz Biwer-Pettinger
D'Fränz Biwer-Pettinger. PhD Théologie catholique, ass ë. a. Member vum Aarbechtsgrupp “Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch” an huet zesumme mam E. Shuali d'Wierk "Traduire la Bible : hier et aujourd’hui / Translating the Bible : Past and Present" erausbruecht.