Trounwiessel
Invitatioun fir d’Mass mat Te Deum an der Kathedral
Am Kader vum Trounwiessel invitéiert de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, déi Gleeweg un der feierlecher Mass mat Te Deum an der Kathedral deelzehuelen. Zesumme mat Vertrieder aus dem ëffentleche Liewe wëlle mir eis Verbonnenheet mat eisem neie Staatschef ausdrécken. D’Pontifikalmass ass e Sonndeg, de 5. Oktober 2025, um 11.00 Auer.
Aus organisatoresche Grënn ass de Public gebieden, tëscht 9.30 a spéitstens 10.00 Auer an der Kathedral Plaz ze huelen; d’Zuel vun de fräie Sëtzplazen ass limitéiert. D’Entrée fir de Public ass an der Rue Notre-Dame.
D’Mass gëtt op der Tëlee an am Livestream op www.cathol.lu iwwerdroen.
Matgedeelt vum äerzbëschoflechen Ordinariat
Obrigado por ler este artigo. Se quiser manter-se informado sobre as notícias da Igreja Católica no Luxemburgo, subscreva o Cathol-News, enviado todas as quintas-feiras, clicando aqui.
Cabeçalho
-
Pfarrvisitationen
Wenn der Bischof nach dem rechten sieht… (Ein Sommer mit dem Diözesanarchiv 9/9).
-
D’Mass vum 30. August gëtt vu Buddeler iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Hoffnung erfordert Handeln
Die christliche Präsenz ist an ihrem Ursprungsort gefährdet.
-
Wallfaart op Banneux 8. September 2026
"Conduis nos pas au chemin de la Paix"