Skip to main content Skip to page footer

WOK 25 (31.5.&1.6.): Appel fir sech anzeschreiwen!

11. Editioun fir um Weekend vun den oppene Kierchen ënnert dem Motto "D’Spuere vun de Seigneuren an de Kierchen".

Léif Leit, déi Dir an äre Poren aktiv sidd, ob als Bénévole oder als Haaptamtlech, oder wann Dir Musiker sidd oder Kiercheguide,

Heimat luede mir Iech häerzlech an, bei der 11. Editioun fir um Weekend vun den oppene Kierchen den 31. Mee & 1. Juni 2025 ënnert dem Motto "D’Spuere vun de Seigneuren an de Kierchen" matzemaachen.

An dozou gehéieren ë.a. Griewer, Epitaphen, Wopen, Schenkungen vun den Adelegen, déi dacks Patréiener vun de Kierche waren. (Selbstverständlech sinn och Kierche wëllkomm, wou et keng esou Spuere gëtt.)

Flott wier et, wann a mindestens enger Kierch vun all Por eng Visitt guidée, eng Ausstellung, e Concert oder e Rallye fir Kanner (zum Theema) kinnt organiséiert ginn.

D'ErwuesseBildung zesumme mam Service Communication et Presse vum Äerzbistum bewerben dann de Weekend wéi gewinnt op nationalem Plang. Mir huelen natierlech och Kierchen an eis Lëscht, déi um Weekend just op sinn.

  1. Mellt Äer Kierch(en) wgl. bis de 20. Februar un bei oppekierchen@ewb.lu mam betreff WOK 25 APPEL oder
    am Sekretariat vun der EwB um Tel. 44 743 340.
  2. De 20. Mäerz ass Redaktiounsschluss fir de Flyer (bis dann brauche mir d'Ëffnungszäiten an de Programm an äre Kierchen).
  3. Am Prinzip kënnt dir da vum 10. Mee un d’Flyer an d’Affichen an d'Oktavezelt siche kommen.

Dir kënnt Iech gäre bei eis mellen, wann Dir Är Iddi wëllt mat eis diskutéieren oder soss eng Fro hutt.

Rezentes am Archiv

Jahrestag der Erwählung der Trösterin der Betrübten zur Patronin der Stadt Luxemburg

Votum Solemne am 10. Oktober 2026 um 15.00 Uhr in der Kathedrale

Niklos Expo 2026

Verlängert bis den 30. September zu Konsdref an der Kierch mat Programm fir Kanner oder Senioregruppen.

Visite apostolique du Pape Léon XIV à la cathédrale Saint-Étienne de Metz

Le diocèse sera présent à Metz le lundi 28 septembre 2026, avec LuxPélé.

Robert Schuman – un homme du 21e siècle

Conférence avec Jean-Claude Juncker sur le message de Robert Schuman sur l’Europe face aux défis du 21e siècle le 6 juillet 2026 à Howald.