Maurice Blanche (* 02.07.1940 - † 11.01.2026)
Eise Matbrudder ass den 11. Januar 2026 am Alter vu 85 Joer verscheet.
Eise Matbrudder Maurice Blanche an der Nuecht op e Sonndeg, den 11. Januar 2026, am Alter vu 85 Joer verscheet ass.
Hien ass den 2. Juli 1940 an der Stad gebuer an de 25. November 1972 vum Bëschof Jean Hengen an eiser Kathedral zum Priister geweit ginn.
De Läichendéngscht mat uschléissender Bäisetzung gëtt dësen Donneschdeg 15. Januar 2026 um 14.30 Auer an der Kierch zu Kapellen gefeiert.
Mir vertrauen eise Matbrudder dem Herrgott senger Baarmhäerzegkeet un.
Ech bieden Iech, eisem Matbrudder Maurice senger an enger Eucharistiefeier ze gedenken.
Tréischterin am Leed, biet fir hien.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
Herzlichen Glückwunsch, Père Kardinal!
Kardinal Jean-Claude Hollerich feiert am 16. Oktober 2026 den 15. Jahrestag seiner Bischofsweihe.
-
18. Oktober 2026: 100. Missionssonntag
„Eins in Christus, vereint in der Mission“ – Fest der Katholizität und der universellen Solidarität, Missionskongress.
-
Pastoralbesuch von Bischof Fikremariam Hagos
Bischof Wagener, Weihbischof von Luxemburg, traf den eritreischen Bischof der Diözese Segheneity.
-
D’Mass vum 18. Oktober gëtt vu Biwer iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien