Skip to main content Skip to page footer

Diözeesan Pilgerfaart op Banneux

Donneschdeg, den 12. September 2024. Maria, breet däi Mantel aus!

Dëst ass de Motto vun der Pilgerfaart op Banneux 2024. Deemools, am Joer 1933, gouf dat jonkt Mariette Beco am Ganzen 8 Mol vun der „Jongfra vun den Aarmen“ iwwerrascht. D‘Marieënerscheinungen hunn dunn nom Zweete Weltkrich ëmmer méi Leit ugezunn a Banneux huet sech ee Numm bis wäit iwwert d’Grenze vun der Belscht eraus gemaach. Bis haut geet dëse Pilgerstroum virun. Grad no der COVID-Pandemie sichen d‘Leit villfach een neien Halt a spirituell Orientéierung. Dobäi zielen si grad op d‘Hëllef vun der Gottesmamm. Do uewen op de raue Koppe vun der Haute-Fagne waart Maria op d’Pilger a breet symbolesch hire Mantel voller Guttheet aus. Méi wéi engem huet si hei schonn ee Wénk ginn, Trouscht an Hëllef gespent oder een Auswee an der Däischtert vum Liewe gewisen. Grad duerch hir schlicht Präsenz kritt de Mënsch d’Gefill, datt hien eescht geholl gëtt, erwaart a geléift ass.

Interessant ass och, datt de Poopst François eng besonnesch Bezéiung zur „Vierge des pauvres“ huet. Duerch d‘Gemeinschaft Sant‘ Egidio huet hie souguer 2019 eng Kopie vun der „Jongfra vun den Aarmen“ am Vatikan opstelle gelooss. Kee Wonner, well dëse pastorale Poopst ass ee Frënd vun deenen Aarmen, ënnert hinnen och vill Obdachloser a Flüchtlingen, déi de Wee ëmmer nees bis bei de Péitersdoum fannen, fir hei an engem geschützte Raum Liewenshëllef ze kréien.

Fir de Poopst ass d‘Maria dee gudde Stär um Wee vun der Verkënnegung, de Stär vun der Evangeliséierung. Si ass d’Weeweiserin, déi äis am Déngscht wuesse léisst. Si mécht äis d’Aen op fir d’Nout vun de Mënschen. Bei hir ass jidderee wëllkomm:  déi Krank, déi Aarm, déi Mënschen, déi net méi eleng mam Liewe fäerdeg ginn, Mënschen, déi de Sträit opfrësst, Mënschen, déi viru Gewalt a Krich fortgelaf sinn...

Bei der „Jongfra vun den Aarmen“ fannen si all Rou a Fridden. Et ass duerfir och net verwonnerlech, datt een zu Banneux keng monumental Gebaier a keng protzeg Konschtwierker fënnt. Hei gëtt een och net vun der Ästhetik verwinnt, mee ganz einfach mat der Banalitéit vum Liewe konfrontéiert.

Maria huet kleng Spuere vu Léift an dem Mariette Beco säi Liewe gedréckt. Änlech wëllt si och äis am Alldag, an all senger Banalitéit, iwwerraschen. Dobäi geet si äis viraus a wëllt net, datt mir stoe bleiwen oder nëmmen nach der Vergaangenheet notraueren. Si wëllt äis villméi Weeër vu Liewe weisen, an zwar mam Jesus, hirem Jong, deen äis formen a féiere wëllt. An enger Zäit, an där d’Rücksechtslosegkeet an den Egoismus zouhuelen, weist d’Gottesmamm äis de Wee zum Gléck duerch d‘Häerzensfräiheet, an dest a méi schwéieren Zäiten.  Duerch hiert grousst Vertrauen an dem Herrgott seng Guttheet léiere mir gleewen. Um Ufank vun engem neie Pastoraljoer ass et duerfir och méi wéi eng schéin Traditioun fir heihin ze pilgeren. Banneux ass als Wallfaartsuert wéi eng spirituell Tankstell, wou mir dierfen „de plein“ maachen, ier et nees lass geet.

Umeldungen ginn an de jeeweilegen Dekanater ugeholl:

Dekanat Osten, Tel. 750063-1 vu méindes bis donneschdes tëscht 14.00 a 16.00 Auer;
Dekanat Zentrum, Tel. 661 746 852 oder per Mail (virum 4. September);
Dekanat Lëtzebuerg per Mail op notre-dame@cathol.lu oder Tel. 222970-1;
Dekanat Süden-Ost  um Tel. 511546;
Dekanat Süden-West um Tel. 661 257 284 oder um 545834 an am Dekanat Norden (kee Busdéngscht, mee individuellen Tranport). D’Foulards Blancs begleeden déi Krank a Mënsche mat engem spezifesche Besoin. Umeldunge ginn hei beim Marie-Claire Rasqué um Tel. 23620720 ugeholl oder per Mail op foulards-blancs@lgs.lu.

D‘Pilgerfaart gëtt vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, presidéiert.
Déi liturgesch Virbereedunge leien an den Hänn vum Dekanat Osten an Zesummenaarbecht mam diözeesane Pilgerbüro.

Renée Schmit
Bëscheeflech Delegéiert fir Evangeliséierung an diözeesan Bildung


PROGRAMM – BANNEUX 2024

09.45 Auer  Beichtgeleeënheet an der grousser Kierch vum Sanctuaire

10.00 Auer  Rousekranzgebiet virun der Mass

10.30 Auer Pilgermass, presidéiert vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, a preparéiert an Zesummenaarbecht mam Dekanat Osten

14.00 Auer  Gebiet bei der Quell, Abbé Albert Franck

14.15 Auer  Kräizwee, Chanoine Claude Bache, Dechen vum Dekanat Osten

15.00 Auer  Nei marianesch Gesäng mam Michele a Rosamaria Camposeo

15.30 Auer  Sakramentsandacht, Krankeseenung mat individuellem Pilgerseegen


Häerzlech luede mir all Massendénger an, fir beim Pilgerdag zu Banneux aktiv mat dobäi ze sinn.

All Massendénger si wëllkomm - Einfach d'Massendéngerkleedung matbrengen a mindestens 20 Minutte virum Ufank vun der Mass/Andacht an d’Sakristei kommen.

Gros titres

Plus d'actualités

Commémoration nationale : Messe solennelle en la Cathédrale

Synode : retraite spirituelle

Rencontre avec le Pape : un feu d’artifice d’émotions

Offiziell Usprooche