Ëmweltschutz
Den Internet verbraucht massiv Energie, och wann dat op den éischte Bléck net duerno ausgesäit.
Am Sënn vun der Poopstenzyklika Laudato ’si hëlt d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg den Ëmwelt- a Klimaschutz am Beräich vum Web eescht. Duerfir gräife mir op Systemer (Webserveren, Email-Adressen, asw.) vun der Firma Infomaniak Network zréck, déi sech engagéiert, d’Ëmwelt esou gutt ewéi méiglech ze schützen.
Wat heescht dat konkret?
Energie
- D’Firma ass no ISO 50001 zertifiéiert, d. h. d’Firma engagéiert sech kontinuéierlech hir Energie-Efficacitéit ze verbesseren an dobäi moossbar Resultater ze liwweren.
- D’Firma benotzt exklusiv zertifiéiert erneierbar Energie an net iergendee Stroum aus onbekannte Quellen.
- D’Firma kompenséiert hiren CO2-Ausstouss duebel (200 %) duerch d’Ënnerstëtzung vun der Fondatioun MyClimate.
Rechenzentren
- D’Firma huet nëmme Servere mat Low-Voltage-Technology, déi manner Stroum verbrauchen a manner Hëtzt ofginn.
- D’Firma setzt Serveren an, déi manner hëtzt-emfindlech sinn a woubäi eng einfach Loft-Killung duergeet; am Wanter gëtt d’Hëtzt benotzt, fir d’Büroe waarem ze halen.
- Al Servere ginn exklusiv an der Schwäiz recycléiert an net an Entwécklungslänner exportéiert, wou villes ouni Kontroll “entsuergt” gëtt.
Ökologesch a sozial Verantwortung
- D’Firma cotiséiert an eng ethesch Pensiounskeess, déi hir Investissementer no ökologeschen a soziale Critèren aussicht an net nëmmen nom gréisste Rendement kuckt.
- Naturschutzorganisatioune gi mat 1 % vum neien Ëmsaz ënnerstëtzt.
- D’Firma ass ISO 14001 zertifiéiert, d. h. si ass verflicht, d’Konsequenze vun hirer Aktivitéit op d’Ëmwelt ze moossen an ze verklengeren.
Mobilitéit
- D’Firma gëtt hire Mataarbechter, déi zu Fouss ginn oder de Velo resp. den ëffentlechen Transport benotzen, eng Prime.
- Dëngschtreese ginn esou wäit ewéi méiglech ofgeschaaft an duerch Video- oder Audiokonferenzen ersat. Wann dat net méiglech ass, ginn d’CO2-Emissioune vollstänneg kompenséiert.
Offall
- D’Firma benotzt exklusiv elektronesch Archiver a verzicht drop, eppes jorelaang op Pabeier ze halen.
- Rechnunge gi just elektronesch verschéckt, net als Bréiwer.
- Sämtlech Offäll gi recycléiert (ausser biologescher).
Akaf
- D’Firma keeft esou wäit ewéi méiglech Produkter, déi nobäi fabrizéiert goufen.
- Firmaen, déi sech der Ëmwelt verpflicht hunn, gi favoriséiert.
- Et gëtt grondsätzlech recycléierbaart Material benotzt.
D’Ekipp vu cathol.lu