De Verwaltungsrot vun der Fondatioun Sainte-Irmine huet a senger leschter Sëtzung zwee nei Projete gutt geheescht: Kambodja-Vietnam 2026 a Bourse universitaire Harambee. Entdeckt se elo!
- Kambodja-Vietnam 2026: D’Jugendpastoral organiséiert dëst Joer nees eng besonnesch Pilgerrees fir Jonker mat eisem Kardinol a Südostasien.
- Bourse universitaire Harambee: D’Zil vun dësem Projet ass et, fir engem jonke Geeschtlechen aus dem Cap Vert eng Bourse ze ginn, fir datt hie säin Héichschoulstudium zu Lëtzebuerg fortsetzen a säi Wëssen dono a senger Heemechtsdiözees notze kann.
Dir kënnt Iech iwwer dës an all aner Projete vun der Stëftung op www.irmine.lu informéieren an Iech un hinne bedeelegen.
Merci elo scho fir all Ënnerstëtzung!
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
D’Mass vum 11. Oktober gëtt vu Käl iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Jahrestag der Erwählung der Trösterin der Betrübten zur Patronin der Stadt Luxemburg
Votum Solemne am 10. Oktober 2026 um 15.00 Uhr in der Kathedrale
-
„Europa, woher kommst du, wohin gehst du?“
Unter diesem Titel stand die 63. internationale Priestertagung der I.P.T. EUROPAX.
-
L'Archidiocèse de Luxembourg publie son rapport d'activités 2025-2026
Une année d'Église en chiffres et en visages : vie pastorale, rencontres internationales, solidarité et transparence financière.