Skip to main content Skip to page footer

Op ee Wuert

E Bibel-Podcast

2000 Joer a méi sinn e laangen Dag. Esou wäit zréck hunn awer eng Rei Ausdréck, déi mer haut gebrauchen, hir Wuerzelen.

Wat hunn se deemools bedeit? Verstinn a gebrauche mer se richteg?

Kommt, kucke mer, wou déi Ausdreck hierkommen, kucke mer, wat domadder geméngt ass.

"Biblesch" Begrëffer, déi duerch hir Wirkungsgeschicht belaascht sinn

resp. gäre verkéiert verstane ginn

Redaktioun: Fränz Biver-Pettinger

D'Fränz Biver-Pettinger, PhD Théologie catholique, ass ë. a. Member vum Aarbechtsgrupp “Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch” an huet zesumme mam E. Shuali d'Wierk "Traduire la Bible : hier et aujourd’hui / Translating the Bible : Past and Present" erausbruecht.

An dëser 2. Serie geet et ëmt “biblesch Begrëffer, déi duerch hir Wierkungsgeschicht belaascht sinn, resp. gäre verkéiert verstane ginn”.

Virop sief gesot, datt d’“Wierkungsgeschicht” engem Wuert, Begrëff oder Text seng Rezeptioun duerch d’Joerhonnerte erduerch méngt, dat heescht, wéi se duerch d’Joerhonnerten erduerch verstanen an dann och iwwersat goufen; “duerch d’Joerhonnerten erduerch” well, wéi dëst Wuert, dëse Begrëff oder Text verstane gi sinn, huet dacks mat dem gedanklechen, reliéisen Ëmfeld, mat dem sougenannte mainstream oder engem groussen Theolog sengen Iwwerleeungen zu enger bestëmmter Zäit, enger bestëmmter Epoch ze dinn; 

Den Haaptakzent vun dëser Serie läit awer duerop déi Iwwerleeungen ze präsentéieren, mee duerop ze versiche verschiddener vun esou Wierder, Begrëffer oder Texter hannescht an hire biblesche Kontext ze setzen fir ze versichen ze verstoen, wat - deemools - de Jesus vun Nazareth kann dermat gemengt hunn, resp. d’Verfaasser vun deene jeeweilegen Texter.
 

"dem Herrgott säi Räich"

Wéi ech mer iwwerluecht hunn, wéi eng Begrëffer an/oder Ausdréck hei interessant wieren, hunn ech gemierkt, datt, egal wéi eng Beispiller aus dem NT ech zréckbehale géif, ëmmer erëm de Begrëff “dem Herrgott säi Räich” matkléngt; et ass dat ee vun de roude Fiedem, déi sech duerch d’Evangelien zéien, awer och, wann och op eng aner Manéier, duerch aner Schrëfte vum NT. Dofir geet et dann an dësem 1. Deel vun der 1. Episod vun der 2. Serie ëmt dem Herrgott säi Räich”, och nach “Himmelräich” genannt, wat awer wéineg ze doen huet mat dem Film “Kingdom of Heaven”, ausser vläicht mat dem Haaptpersonnage, dem Balian d’Ibelin.

Kommt, kucke mer mol, wou dee Begrëff hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:

D’Virstellung vun der βασιλεῖα τοῦ θεοῦ huet, wéi esou vill Begrëffer an den Evangelien an och soss am NT, hir Wuerzelen am AT. Dofir schwätzen de Jesus an d’Evangelie vum “Herrgott sengem Räich” wéi wann dat eng de Leit vun deemools bekannte Virstellung wier – wat effektiv de Fall woar.

Mee, do, wou mer am NT ee Wuert hunn, βασιλεία, fir dës villschichteg Virstellung ze beschreiwen, hu mer am hebräeschen Text vum AT 3 Wieder (מַמְלָכָה, מַלְכוּת, מְלוּכָה) an, an der LXX, der Griichescher Iwwersetzung vum Hebräeschen Text ëmmerhin der nach 2 (βασιλεία a βασίλειον); firwat dat esou ass, ka bis haut keen erklären. 

  • Fir eis heescht dat: Déi Versen an deenen dann dat eent Wuert βασιλεία als “dem Herrgott säi Räich” am NT gebraucht gëtt, bidden d’Méiglechkeet wuertwiertlech mat “Räich” z’iwwersetzen oder, dem Kontext no, wéi heiandsdo am Franséischen “royaume de Dieu”, “règne” oder awer “royauté”. Anescht ausgedreckt: meeschtens gëtt den Ausdrock ἡ βασιλεῖα τοῦ θεοῦ wuertwiertlech iwwersat gëtt mat “dem Herrgott säi Räich”, z. B. op Plaze wou et drëms geet “eranzegoen an dem Herrgott säi Räich”;
     
  • op verschidde Plaze kéint een awer och iwwersetze mat “dem Herrgott seng Kinneksherrschaft”, “dem Herrgott seng Herrschaft als Kinnek”, z. B. do, wou Rieds dervun ass, datt dem “Herrgott seng Kinneksherrschaft” oder awer “dem Herrgott seng Herrschaft (also, seng Würde a Muecht) als Kinnek nobäikomm ass.
    – Et ass gutt, ze wëssen, datt et déi dräi Iwwersetzungsméiglechkeeten gëtt, an datt se allen dräi effektiv méiglech sinn.
     
  • ἡ βασιλεῖα τοῦ θεοῦ ass awer net deen eenzegen Ausdrock, deen an den Evangelie gebraucht gëtt: do dernierwent, wann och vill manner heefeg, gi gebraucht “ἡ βασιλεία τοῦ πατρός”, “dem Papp – mengem, eisem, hirem – Papp säi Räich”, “τὸ εὐαγγέλιον τῆς βασιλείας (τοῦ θεοῦ”), “d’Evangelium, déi Gutt Noriicht vum Räich, vum Herrgott sengem Räich”, oder am Mt- Evangelium “ἡ βασιλεία τῶν οὐρανῶν”, “d’Himmelräich”, woubäi “Himmel” en anert Wuert fir Gott ass, well, aus Respekt d’Wuert “Gott” net an de Mond geholl gëtt. An da gëtt et och nach d’”υἱοὶ τῆς βασιλείας”, d’”Jongen” oder d’”Kanner vum Räich”.

Zur Beschreiwung vum “Herrgott sengem Räich” gehéiert d’Virstellung vum operstanene Christus, deen “als Kinnek herrscht” a “Geriicht hält”;
Also gehéieren och d’Titele “Christos (op Griichesch)/Messias (op Hebräesch)/Christus (op Latäin)”, iwwersat “Gesaleften”, wéi d’Kinneken a verschidde Prophéiten aus dem AT, oder den Titel “Mënschejong” an de Kontext vum Herrgott sengem Räich – woubäi “Mënschejong” deen eenzegen Titel ze si schéngt, deen de Jesus vun Nazareth zu Liefzäite fir sech selwer gebraucht huet. Dat aus zwéi Grënn:

  1. mat deem Titel ass, wéi mam Herrgott sengem Räich, eng bestëmmte messianesch Hoffnung verbonnen, déi awer,
  2. zimlech vague ass, also net vu senge Géigner géint hie gebraucht ka ginn, z. B. fir hien als politesche Messias dohinzestellen, deen d’Réimsch Besatzungsmuecht erausgeheie géif. De “Mënschejong”, dat ass dee vun deem, am Kapitel 7 vum Buch Daniel aus dem AT ë.a. geschriwwen ass, datt hien ënnerwee ass op Gott zou fir bei Gott ze sinn.

Der gesidd, d’Saach ass komplex:

  1. Gëtt et net nëmmen een Ausdrock, ee Begrëff, ma der direkt eng ganz Rëtsch, déi,
  2. ënnerteneen a matenee verbonne sinn, awer,
  3. et fënnt een néierens am NT eng kloer a präzis Definitioun vum “Herrgott sengem Räich”, eng Virstellung, déi, 
  4. hir Wuerzelen am AT huet an och do, wéi zu Liefzäite vum Jesus vun Nazareth, ëmmer virun évoluéiert huet a villschichteg woar;

– Anescht gesot: fir de Jesus, wéi fir d’Verfaasser vun deene biblesche Schrëften – ass dës Realitéit räich a villschichteg an si léisst sech net einfach an e Konzept “aspären” oder duerch eng eenzeg Definitioun begrenzen. 
Et ass also Virsiicht gebueden, wann ee kënnt dee behaapt genee ze wëssen, wat “dem Herrgott säi Räich “ ass, well – wéi mer nach gesinn – “es ist ein weites Feld”, wéi se am Effie Briest gesot hätten; woubäi d’Bild vum Feld hei effektiv passt: mat deenen Elementer, déi mer am NT, an zëmools an den Evangelie fannen, kënne mer d’Feld agrenzen bannent deem mer versiche kënnen ze verstoen.

Ech wéilt nach véier kuerz, awer, wéi ech mengen, interessant Fakten opzielen, ier mer dem Herrgott sengem Räich an den Evangelien noginn:

  1. d’Paulusbréiwer si méi al wéi d’Evangelien an an de Paulusbréiwer, wann da Rieds ass vum “ Herrgott sengem Räich” gëtt – wéi an den Evangelien dono - virausgesat, datt d’Chrëschten aus deene betreffende chrëschtleche Gemeinschaften (sief dat z. B. zu Thessaloniki, zu Korinth, a Galatien oder zu Roum) wëssen, ëmt wat et geet. Mee, beim Paulus huet déi Thematik bei Wäitem net déi Plaz, déi se am Mt, Mk oder Lk-Evangelium kritt; 
  2. souvill mer dem Herrgott sengem Räich a senger Villschichtegkeet an den Evangelie begéinen, esou wéineg begéine mer dier Terminologie am Rescht vum NT; et gëtt souguer eng Partie Schrëften am NT, wou dës Thematik iwwerhaapt net virkënnt, esou z. B. am 1. Péitrusbréif oder an deenen 3 Johannesbréiwer;
  3. hu mer an den Ausdréck “dem Herrgott säi Räich”, “dem Papp säi Räich”, “d’Evangelium vum Räich” am Griicheschen grammatesch gesinn e Genitiv; am koinè Griicheschen, dat zu dier Zäit geschriwwen a geschwat gouf, wou d’NT néiergeschriwwe gouf, kann e Genitiv zweeërlee bedeiten: huele mer z. B. d “Evangelium vum Räich”; “d’Evangelium vum Räich” ka bedeiten datt dat Evangelium, déi Gutt Noriicht zum Räich gehéiert, en Deel dervun ass (“gén. subjectif”), grad wéi et och bedeite kann, datt dat Räich den Inhalt ass, deen an deem Evangelium verkënnegt gëtt (gén. objectif). Datselwescht hu mer wa mer schwätze vum “εὐαγγέλιον τοῦ Ἰησοῦ”, “Evangelium/Gutt Noriicht vum Jesus”, en Ausdrock, dee jo an der Liturgie virkënnt (“évangile de Jésus Christ”): éngersäits kann dat bedeiten “de Jesus selwer ass déi Gutt Noriicht” (gén. subj.) oder awer “den Inhalt vun dem Jesus senger Gudder Noriicht, dat, wat hien als Gutt Noriicht verkënnegt huet” (gén. objectif). Wann een d’Texter aus den Evangelie liest, wou dës Begrëffer virkommen, kréien dës Texter nach eng aner Nuës wann een dës zwou Méiglechkeeten ze verstoen am Hannerkapp huet;
  4. d’Virstellung vum Herrgott sengem Räich huet seng Wuerzelen an der Geschicht vum Vollék Israel, an domadder – et huet schonn ugeklongen – an de Schrëfte vum AT. Dës Virstellung huet, zu dier Zäit, wéi de Jesus vun Nazareth gelieft huet a wéi d’Bicher aus dem NT verfaasst goufen, schonn eng bal 1000järeg Entwicklung hannert sech a woar Alles anescht wéi eenheetlech; se geet zréck bis op d’Kinnéken David a Salomo, déi an der Realitéit dem idealiséierte Bild vum Kinnék als dem direkt vu Gott Auserwielten net gerecht gi sinn, loin de là (1 + 2 R; 1 + 2 Sam); a Psalme gëtt de Kinnék och idealiséiert (z. B. d’Ps 2 an 110 sinn dier, déi an den Evangelien zitéiert ginn a bei de Chrëschten op hire Kinnék, de Jesus bezu gi sinn); du koum lues a lues d’Iwwerzeegung op, datt nëmme Gott den ideale Kinnék fir Israel si kann, Iwwerleeungen, déi hire Widderhall och a Psalmen hunn, z. B. Ps 93-99, an no dem Exil zu Babylon am 6. Jhdt vru Christus, bei de Prophéite viruginn, haaptsächlech dem Jesaja, dem Jeremias an dem Ezechiel; fir déi eng ass Gott schonn elo de Kinnék, fir anerer, sougenannten Apokalyptiker wéi d’Buch Dan mat dem Mënschejong, eréischt um Enn vun der Zäit. - Ma, de Kinnék David bleift trotzdeem en Ideal: eng Parti Leit hunn deemno drop gewoart, datt aus senger Famill de Messias, de Christus kéim fir dem Herrgott säi Räich, mer géifen haut soen, ze boosten. – Dofir leeën d’Mt- an d’ Lk-Evangelium an hire Kandheetserzielungen um Ufank vun hiren Evangelien esouvill Wäert drop, datt de Jesus en Nokommen ass vum David.

Firwat dësen Ëmwee iwwert de Vokabular an iwwert d’AT? Ma, well mer jo verstoe wëllen, wat an dem NT, besonnesch awer och, wat an den Evangelie steet. Esou, wéi eis Welt haut komplex ass, an esou, wéi mär haut gepräägt si vun eiser Zäit a vun de Generatioune virun eis, esou woaren si et deemools och: de Jesus, d’Evangelisten, de Paulus an all déi aner Verfaasser vum NT woare Kanner vun hirem Liicht. Dowéinst geet kee Wee derlaanscht sech d’Méi ze maachen a luussen ze goen, wéi dat Liicht woar - wann och nëmme kuerz a konzis.

Mat deem Background kënne mer dann elo duerch d’Evangelien kucken, haaptsächlech duerch de Mt, de Mk an de Lk, mat, ganz kuerz der Apg – dat maache mer dann am 2. Deel vun dësem Podcast...

Hei dann elo den 2. Deel vun der 1. Episod vun der 2. Serie “biblesch Begrëffer, déi duerch hir Wierkungsgeschicht belaascht sinn, resp. gäre verkéiert verstane ginn” wou et ëmt “dem Herrgott säi Räich” geet:

  • d’Ukënnegung vun “dem Herrgott sengem Räich” geet queesch duerch déi véier Evangelien, ma, am Joh-Ev gëtt et manner ernimmt, wéi beim Mt, Mk oder dem Lk.
     
  • An: tselwescht wéi mer et z. B. am Podcast iwwert deen, “deen seng Hänn an Onschold gewäsch huet” oder am Podcast iwwert “wat ass dat e Chrëschtkëndchen!” gesinn hunn, ass et och hei. Dat heescht, wann d’Evangelien alle véier iwwert dat nämmlecht schreiwen, sou maachen si dat awer jiddfereent op seng him eege Manéier. Firwat? Ma, well jiddferee vun hinnen entzwousch anescht fir Leit aus engem anere reliéiesen oder politeschen Ëmfeld geschriwwen huet a well jiddferee vun hinnen esou och aner theologesch Akzenter gesat huet. Esou gëtt dat Bild, dat mer vum Jesus a senger Verkënnegung kréien, vill méi komplett, wéi wa mer nëmmen 1 Evangelium hätten. Als Quintessenz soen de Mt, de Mk an de Lk: 
     
  • Alles, wat de Jesus mécht a seet (d’Reienfolleg ass hei wichteg: Alles, wat de Jesus mécht a seet), ass eigentlech eng Ëmschreiwung vun dem Herrgott sengem Räich, en Zeechnesgi vu Gott, vun deem hien sech geschéckt gewosst huet an an deem sengem Opdrag hie gehandelt a geschwat huet; 
     
  • “Dem Herrgott säi Räich” ass “nobäi komm” (ἐγγύς op Griichesch, wat “nobäi” an der Zäit grad wéi och “raimlech nobäi” heesche kann. Mee, et ass net an all Evangelium tselwescht “nobäi”, heiandsdo méi “nobäi”, heiandsdo “nach manner nobäi”), et ass “ἐρχόμενος”, “amgaangen ze kommen, et ass “um Kommen”. – Eigentlech, wann een esou well, ass et mat dem Herrgott sengem Räich wéi mat eisem Liewen: et steet an der Spannung tëscht deem, wat ass an deem, wat kënnt ; 
     
  • a Gläichnësser gëtt et beschriwwen an ëmschriwwen  - Beispiller queesch duerch déi dräi Evangelien sinn: dem Herrgott säi Räich ass ze vergläiche mat engem Moschterkär, mat dem Deessem, oder mat engem Mann, deen erausgoung fir ze séien; am Herrgott sengem Räich, do geet et wéi mam sougenannte “Verluerene Jong”, wéi mam gudde Samariter oder dem oarme Lazarus; 
     
  • d’Konditioune fir an dat Räich eranzekomme gi beschriwwen, grad ewéi déi, déi den Zougank verspären 
     
  • dat Räich huet also ugefaangen, ass amgaangen ze ginn, d’”Vollendung” (fir dat Däitscht Wuert ze gebrauchen) steet awer nach aus; mol läit d’Betounung méi drop, datt et “schonn ugefaangen huet”, z. B. beim Lk, mol méi drop, datt et nach aussteet, z. B. beim Mt.

Wat schreift de Mk dann nach méi genee, wat spezifesch ass fir säin Evangelium?

Mer gi jo chronologesch vir: dofir de Mk vrum Mt, well, och wann de Mt als éischten an eise Bibele steet, sou ass hien awer net dat Eelst vun deene véier Evangelien: hie steet vir, well am Mt-Evangelium Rieds ass vun “der Kierch”, der ἐκκλησία an, well an deenen éischte Jorhonnerte gemengt gouf, et géif sech extra gutt eegne fir d’Kateches. 

Also, wat schreift de Mk dann elo nach, wat spezifesch ass fir säin Evangelium, wat gi mer bei him gewuer, wat net oder anescht an den aneren Evangelie steet?

  • Beim Mk liese mer zu Ugangs (Mk 1, 14-15): “14 Nodeems de Johannes ausgeliwwert gi war (d.h. de Johannes den Deefer), ass de Jesus hannescht a Galiläa gang; do huet hien dem Herrgott säin Evangelium verkënnegt. 15 Hie sot:’D’Zäit ass erfëllt, dem Herrgott säi Räich ass um Kommen. Denkt ëm a gleeft un d’Evangelium!’ – Dës Verse klénge wéi e Résumé a kënnegen un, wourëms et an deene Kapitelen dono geet.
     
  • Am Ganze schreift d’Mk- Evangelium 14x iwwert dem Herrgott säi Räich. - Et schreift och 14x iwwert de “Mënschejong” - Der erënnert Äech un den Ufank vun dësem Podcast – ma, ni an engems, ma, awer och scho mol a parallelen Texter, dat heescht, datt fir d’Mk-Ev. – a warscheinlech schonn an der mëndlecher Iwwerliwwerung nach ier d’Evangelien néiergeschriwwe gi sinn – dës 2 Theeme matenee verbonne woaren - esou wéi dat och schonn am AT de Fall woar;
     
  • allebéid, dem Herrgott säi Räich grad ewéi de Mënschejong, stinn an der Spannung tëscht kaum bemierkbar, tëscht schonn do an awer nach ënnerwee, awer nach amgaangen ze ginn, ze kommen an eréischt richteg realiséiert op Jéngster Dag
     
  • fir d’Mk-Evangelium ass de Jesus fir unzefänken deen, deen dem Herrgott säi Räich ukënnegt; dës Verkënnegung huet eppes Decisives fir d’Mënschheet, déi opgeruff ass dëst Räich – esou wéi et an de Gläichnësser ëmschriwwe gëtt - mat opzebauen.

An d’Mt- Evangelium? Wat gi mer do gewuer?

  • De Verfaasser vum Mt-Ev. – wéi och ongeféier zäitgläich dee vum Lk-Evangelium – kennt d’Mk- Evangelium, wat, zu dier Zäit wou de Mt (an de Lk) geschriwwen hunn, schonn eng 20 Joer laang am Ëmlaf woar. Ma, zesumme mat anerem, deels mëndlechen, deels schrëftlechem Material, dat si gesammelt haten, hunn si et opgeschriwwen a Funktioun vun de Froen an/oder de Probleemer, vun de Chrëschten an hirer respektiver Gemeinschaft. 
     
  • Spezifesch fir d’Mt-Evangelium ass, datt do, bis op 4 Ausnamen, meeschtens de Begrëff “Himmelräich” gebraucht gëtt, ἡ βασιλεία τῶν οὐρανῶν, woubäi “Himmel” en anert Wuert fir Gott ass, well, an engem méi jüddesch gepräägte Milieu fir deen de Mt geschriwwen huet, aus Respekt d’Wuert “Gott” net an de Mond geholl gëtt;
     
  • hien insistéiert méi op déi endzäitlech Dimensioun vum Himmelräich : dann eréischt gëtt et ganz an endgülteg Wierklechkeet. Antëscht erfëllt sech awer lues a lues dee Plang, dee Gott vun Ufank u mat de Mënschen hat. E Plang, un deem d’Mënschen och am Mt opgeruff sinn, matzeschaffen. A sief et, datt si – nierwent oder no dem Jesus - hirersäits verkënnege ginn datt d’Himmelräich nobäi komm ass: de Johannes den Deefer, déi 12 “Jünger”, an no hinnen d’Chrëschte weltwäit, déi d’Relève iwwerholl hunn, well, dem Mt-Evangelium no, déi éischt Destinatairen, d’Vollék Israel de Jesus, an domadder d’Verkënnegung AN d’Matschaffen, ganz konkret, um Himmelräich – esou wéi et och hei duerch dem Jesus seng Doten, seng Wieder, d’’Biergpriedegt’ an d’Gläichnësser ëmschriwwe gëtt - net ugeholl hunn; datt d’Himmelräich hei eng zentral Roll huet, mierkt een och am Vater Unser, am Zentrum vun der Biergpriedegt, an deem zu Ugangs gefrot gëtt “Däi Räich soll kommen”;
     
  • op 2 Verse muss een hei e bëssi méi agoen, an zwoar op Mt 16, 18-19, Versen, déi een nëmmen am Mt fënnt: ’18 An ech (et ass de Jesus, dee schwätzt) soen dir: Du bass de Péitrus, an op dëse Fiels bauen ech meng Kierch, an d’Paarte vun der Ënnerwelt ginn se net Meeschter! 19 Ech ginn dir d’Schlëssele vum Himmelräich; dat, wat s du op der Äerd matenee verbënns, ass och am Himmel matenee verbonnen, an dat, wat s du op der Äerd vunenee lassléis, ass och am Himmel vunenee lassgeléist.’ - Heiandsdo héiert een, datt d’Kierch dem Herrgott säi Räich wier. Déi Meenung geet op dës Versen zréck. Mee, jo, hei ginn d’Himmelräich an de Péitrus mat sengem Opdrag mateneen ernimmt, se ginn a Verbindung gesat. Dat heescht awer net, datt Kierch an Himmelräich eent an datselwescht sinn. D’Kierch, am Mt-Ev., ass villméi déi Plaz, wou dozou opgeruff gëtt um Himmelräich matzeschaffen; 

Fir d’Lk-Evangelium, an d’Suite dovunner, d’Apg, steet dem Herrgott säi Räich um Ufank vun dem Jesus senger Missioun : mer sinn an der Synagog zu Nazareth, wou de Jesus mat engem Zitat aus dem Prophéit Jesaja de Leit seet wouranner seng Missioun besteet: Lk 4, 17-19 virliesen. Hien ass op eng stoark Ofleenung gestouss, goung vun do fort op Kapharnaum, wou hien ugefaangen huet – in Tat und Wort – dat ëmzesetzen, wat hien zu Nazareth an der Synagog ugekënnegt hat. Nodeems hien du muëres fréi gebied hat, sot hien zu de ville Leit, déi hien zu Kapharnaum hale wollten : v. 43 ‘Ech muss dach och deenen anere Stied déi Gutt Noriicht vum Herrgott sengem Räich verkënnegen, duerfir sinn ech jo och geschéckt ginn.’ Dës Verkënnegung geet virun an der Apostelgeschicht, dem 2. Deel vum Lukas sengem Wierk; mer liesen do :  

1, ‘1 Den éischten Deel, Theophilus,  hunn ech verfaasst iwwer all dat, wat de Jesus ugefaang huet ze maachen an [d’Leit] ze léiere 2 bis deen Dag, wou hien – nodeems hien den Apostelen, déi hien auserwielt hat, duerch den Hellege Geescht Uweisunge ginn hat – [an den Himmel] opgeholl gouf. 3 Hinne war et och, deenen hien sech z’erkenne ginn hat als deen, dee lieft, nodeems hie gelidden hat, an dat duerch vill Beweiser: 40 Deeg laang huet hien sech hinne gewisen an huet vum Herrgott sengem Räich geschwat.’

- Dës Verkënnegung muss bis an den Nuebel vun der deemolger Welt kommen, op Roum. De Paulus hat a sengem Sträit mat de jüddeschen Autoritéiten als Réimesche Bierger un de Keeser zu Roum appeléiert. An d’Apg (28, 30-31) hält dann esou op: ‘30 Hien (d.h. de Paulus) ass nach zwéi ganzer Joren an senger Wunneng bliwwen, déi hie gelount hat, an huet all déi ëmfaang, déi bei hie komm sinn, 31 andeems hien dem Herrgott säi Räich verkënnegt an [d’Leit] iwwer Jesus Christus, den Här, geléiert huet, an dat ganz fräi a couragéiert, ouni gestéiert ze ginn.’ – Wat aus dem Paulus ginn ass, ass onwichteg, dat kréie mer net gesot. Wat awer wichteg ass, ass datt dem Herrgott säi Räich viru verkënnegt ginn ass. Iwwerall do, wou dat geschitt, huet haut, huet dee Moment eng nei Zäit fir déi betreffend Leit ugefaangen; dat ass eng Beweegung, déi ugaangen ass, wéi d’Hiirden iwwert dee Puppelchen do an der Krëpp gesot kruten:’Fir iech ass haut an der Davidsstad (dat ass Bethlehem an do hu mer de Kinnék David erëm, vun deem mer um Ufank rieds haten) e Retter op d’Welt komm; hien ass de Christus, den Här.’ An déi Beweegung dauert un, och haut;

  • d’Joh-Ev. gebraucht den Ausdrock “dem Herrgott säi Räich” nëmmen 2x; et steet wuël am Hannergrond, ass och do eng “toile de fond”, mee, anescht, wéi an de synopteschen Evangelien, well hei de Jesus selwer als vun der Welt onerkannte Kinnék méi am Fokus steet, besonnesch an der Passiounserzielung.

Dat Neit Testament verweist quasi permanent op dat Aalt, dat gouf jo elo scho genuch betount: d’ Bibel fänkt u mat dem Buch Genesis; an de Kapitelen 1-2 liese mer d’Schëpfungserzielungen. Déi Schëpfung woar, vu Gott hir, gutt. Am Kapitel 1 steet ëmmer erëm de Refrain “וַיַּרְא אֱלֹהִים כִּי־טוֹב”, a Gott gesouch, datt et gutt woar.- De Mënsch sollt de Stellvertrieder sinn an an deem Geescht iwwert d’Schëpfung “herrschen”, d.h. hie sollt no der Schëpfung kucken an an Allem, wat hie mécht, denkt a seet Gott, sengem Schëpfer a sengem Virbild, noäiferen. 

  • D’Neit Testament géif dat nennen “um Herrgott sengem Räich matschaffen”. 
     
  • Esou huet de Mënsch - als deen, deen handelt, wéi als deen, dee kritt -, seng Plaz an dem Herrgott sengem Räich. – D’Prophéite ruffen dozou op “baarmhäerzeg ze sinn”, d.h. sech, bis an d’Träipen, vum Schicksal vun de Matmënsche beréieren ze loossen, egal wien dee Matmënsch grad ass – och en zentraalt Thema wa mer vum Herrgott sengem Räich schwätzen. 
     
  • Mer kënne mat eppes, wat e Matmënsch seet oder mécht, net averstane sinn. Mee, Riichter ass een aneren, am Alldag grad wéi op Jéngster Dag; Riichter sinn, dat steet eis net zou - och dat léiert d’AT eis, grad ewéi d’Virstellung vum Herrgott sengem Räich an den Evangelien eis dat noleet. 

Besonnesch d’Apk, dat lescht Buch vun der Bibel gräift deen Aspekt vum Herrgott sengem Räich op: esou, wéi et an eiser Welt leeft, dat ass Alles relativ. Déi Feststellung, dee Message, dës Opfuerderung Alles als vergänglech an zäitlech begrenzt unzegesinn, ass déi leschte Konsequenz vun der Verkënnegung vum Herrgott sengem Räich. - An domadder hu mer, wéi mat dier 1. Schëpfung am 1. Buch vun der Bibel an dier neier Schëpfung um Enn vun der Zäit an der Apk, deem leschte Buch vun der Bibel, och hei nees eng boucle bouclée.
 

Vun Hippches op Hapches a vu Pontius op Pilatus

Gespréichsronn vum 7. Mee 2026 iwwert Lëtzebuerger Ausdréck an hiren Ursprong am Kader vum EwB-Bicherzelt wärend der Oktav 2026
 

Wéi oft ertappt Dir Iech dobäi, wéi Dir Ausdréck benotzt bei deenen Dir Iech guer net richteg erkläre kënnt, wouhier se kommen a wat se eigentlech genee mengen? Se sinn einfach Deel vun eiser Alldagssprooch.

Verschidde Lëtzebuerger Ausdréck hunn hiren Ursprong beispillsweis an der Bauerewelt, anerer an der Bibel. Mir wëllen där Saach op de Grond goen: Wou kommen déi Expressiounen genee hier? Wat hunn se deemools bedeit? A wéi verstinn a gebrauche mer se hautzedaags?

Um Gespréich hunn deel geholl:

  • Fränz Biver-Pettinger vum "Op ee Wuert – E Bibel-Podcast", Theologin a Member vum Aarbechtsgrupp „Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch“
  • Mil Goerens, Auteur vun "Vun der Long op d’Zong"

Eng Kooperatioun vun der ErwuesseBildung mam Service Communication et Presse vum Äerzbistum.

An dësem 1. Deel vun der 2. Episod vun der 2. Serie “biblesch Begrëffer, déi duerch hir Wierkungsgeschicht belaascht sinn, resp. gäre verkéiert verstane ginn” geet et ëmt “Däi Wëlle soll geschéien”.

“Et war eiser Herrgott säi Wëllen, datt hien esou fréi huet misste stierwen”
“Mäi Papp, net mäin, mee, däi Wëlle soll geschéien”, wéi de Jesus, dem Mt-Evangelium no, um Getsemani, um Uelegbierg sot.
 
Kommt, kucke mer mol, wou déi Ausso hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:

“Dem Herrgott säi Wëllen”, dee geschéie soll ass en Ausdrock, deen nawell heefeg an den Evangelie virkënnt, 14x + 3x an engem Gläichnës, wou et kloer ass, datt dem Herrgott säi Wëlle gemengt ass, och wa Rieds ass vun den “Denger hirem Här säi Wëllen”, also am Ganze 17x. 
“Dem Herrgott säi Wëllen” am Mk; “mengem” oder “ärem Papp säi Wëllen” am Mt; “däi Wëllen” am Lk; “deem, dee mech geschéckt huet säi Wëllen” am Joh-Ev.: jiddfereent vun den Evangelien huet e bëssi seng eegen Formuléierung, mee, gemengt ass awer dat nämmlecht.
Déi bekanntste Plaz, wou gesot gëtt, datt dem “Herrgott säi Wëlle” geschéie soll – nierwent der Szeen um Getsemani – ass de Vater Unser, dat Gebied, wat wuel am meeschte gebied gëtt, dat an all Mass opgesot gëtt an ugekënnegt gëtt als “dat Gebied, dat de Jesus selwer äis geléiert huet”.

Jo, effektiv: am Mt- Ev. liese mer (Mt 5, 1-2):

1 Wéi de Jesus déi vill Leit gesinn huet, ass hien de Bierg eropgaang. Hien huet sech gesat, an seng Jünger si bei hie komm. 2 Dunn huet hien ugefaang, si ze léieren, a sot

- an da geet d’Biergpriedegt un, wou de “Vater Unser” genee an der Mëtt, am Zentrum steet an am Lk-Ev. liese mer (Lk 11, 1-2): 

1 Dunn ass dat hei geschitt: De Jesus war anzwousch amgaang ze bieden, a wéi hien dermat fäerdeg war, sot ee vun senge Jünger zu him : ‘Här, léier äis bieden. Esou wéi och de Johannes seng Jünger biede geléiert huet !’ 2 Du sot hien [= de Jesus] zu hinnen

- an da kënnt eng Léier iwwert d’Gebied, an der Mëtt vun dier de Vater Unser steet.

- Et woar deemools Usus, datt e Rabbi (baussent den Evangelien dacks aus dem Grupp vun de Pharisäer, déi ganz fromm Leit woaren, och wann si an den Evangelien hannenoter duerch déi historesch Ëmstänn, eng schlecht Presse kruten), datt e Rabbi senge Schüler e Gebied mat op de Wee ginn huet; 
- dëst Gebied woar a sech eng Léier, ewéi e Résumé vun deem, wat dee betreffende Rabbi seng Schüler iwwer Gott an iwwert d’Relatioun Mënsch-Gott a Gott-Mënsch geléiert huet 
- de Johannes den Deefer grad ewéi de Jesus vun Nazareth hunn do keng Ausnam gemeet. 
- Et ass also de Jesus himself, dee seng Jünger dëst Gebied léiert. De Vater Unser ass deemno e Gebied fir Insider, net fir d’Allgemengheet.
E klengen Exkurs: ech hunn et erlieft, datt, wärend dem Corona, wéi Alles zou woar, eng Infirmière, déi Muslima ass, bei engem, deen um Stierwe louch de Vater Unser hoart virgeliesen huet. Si huet sech net mat deem identifizéiert, wat si gebied huet. Mee, si konnt et awer maachen obschonn si selwer keen Insider ass, well si et fir déi betreffend Persoun gemeet huet, déi en Insider woar. – Klammer zou.

De Vater Unser, esou wéi en haut gebied gëtt, ass net Eent zu Eent iwwerholl aus den Evangelien – wat och schwiereg wier, well, déi Versioun, wéi mer se a Mt 6, 9-13 liesen net copy-paste ass vun dier a Lk 11, 2-4. D’Reienfolleg ass hei vu Belang: déi Versioun aus dem Lk-Ev. ass nämlech méi kuerz, méi konzis, wéi déi aus dem Mt-Ev. – an domadder huet d’Versioun aus dem Lk Chancë méi al ze sinn, méi ursprünglech ze sinn, wéi déi aus dem Mt.

  • De Lk schreift queesch duerch d’Evangelium dacks, datt de Jesus amgaange woar ze bieden, och dat eng Léier, e Virbild fir déi spéider Chrëschten.
  • Et gëtt ugeholl, datt de Jesus op Aramäesch gebiet huet, an net an der ‘helleger’ Sprooch Hebräesch ; deemno hätt hien d’Gebied aus dem Tempel, aus dem Kult eraus geholl eran an de Leit hiren Alldag.
  • An den Evangelie sinn 2 Zorte Gebieder vum Jesus iwwerliwwert: Dankgebieder oder Luefgebieder a Bittgebieder. De Vater Unser ass e réngt Bittgebied, wou ëmt eppes gebied, gefrot gëtt.
  • Dëst Gebied ass, op aaltestamentlechem Hannergrond, immens einfach, ouni grouss Schnörkelen: wann een de Vater Unser vergläicht mat jüddesche Gebieder, deenen hir Wuerzele bis an d’Zäit vum NT zréckginn, da fällt op wéi einfach, quasi “plakeg” déi Sätz do stinn, an, ganz aussergewéinlech fir déi Zäit, ouni Luef fir Gott. 
  • am Internet fënnt een Iwwersetzunge vu der תפילת העמידה, der ‘Amida’, “dem Gebied, dat am Stoë” gesot gëtt, och nach התפילה , d’Gebied genannt, oder och nach תפילת שמונה עשרה, “Gebied vun den 18 Bitten”,vun den“18 Seege” genannt. Verschidde ‘Bitte’ kommen engem bekannt vir, wéi z. B. d’Hellegkeet vum Herrgott  “sengem Numm”, awer och anerer.
  • Oder, wann Der wëllt, Iwwersetzunge vum “Kaddish”, e Gebied op Aramäesch, dat, selwescht wéi de Vater Unser, freet, datt den Numm (vum Herrgott) gehellegt soll ginn an datt säi Räich komme soll – mee, eben, wéi och an der Amida,  vill méi iwwerschwenglech.

Souvill zum historesche Kontext an zum Kontext an den Evangelien. Am 2. Deel vun dësem Podcast kucke mer dann de « Vater Unser » selwer.

Hei dann elo den 2. Deel vun der 2. Episod vun der 2. Serie “biblesch Begrëffer, déi duerch hir Wierkungsgeschicht belaascht sinn, resp. gäre verkéiert verstane ginn” wou et ëmt de “däi Wëlle soll geschéie” geet a méi spezifesch ëmt de “Vater Unser” an den Evangelien:

Da kommt, ech liesen d’éischt Lk 11, 2-4 vir, well déi Versioun – mer hunn et scho gesot – Chancen huet, déi méi ursprünglech ze sinn:

2 Du sot hien [= de Jesus] zu hinnen : Papp, däin Numm sief gehellegt ; däi Räich soll kommen; 3 gëff äis Dag fir Dag dat Brout, dat mir brauchen; 4 looss äis eis Sënnen no, well och mär loosse jidderengem dat no, wat hien äis schëlleg ass; a féier äis net a Versuchung.

Et ass Äech bestëmmt opgefall: “Däi Wëlle soll geschéien” kënnt do net vir – dee Saz kënnt nëmme beim Mt senger Versioun vum Vater Unser vir (Mt 6, 9-13). Beim Mt kléngt dat dann esou:

9 Esou sollt dir also bieden: Eise Papp am Himmel, däin Numm sief gehellegt; 10 däi Räich soll kommen; däi Wëll soll geschéien, wéi am Himmel sou op der Äerd! 11 Gëff äis haut dat Brout, dat mir brauchen; looss äis eis Schold no, wéi och mir deenen, déi an eiser Schold sinn, se nogelooss hunn; 13 a féier äis net a Versuchung, ma maach äis fräi vum Béisen!

  • Fir d’Mt-Ev. ass een net Chrëscht eléng: et ass net “mäi Papp am Himmel”, ma, “eise Papp”; “am Himmel” ass net geograaphesch geméngt, mee, soll drop hiweisen, datt dëse Papp iwwert senger Schëpfung steet an anescht ass, wéi de Mënsch; hien ass nobäi, dofir “eise Papp” an awer ganz anescht, dofir “am Himmel” – dat war wichteg deemools, well de Vëlleker ronderëm, de Griichen an de Réimer hir Gëtter sech beholl hu wéi Mënschen an och esou duergestallt gi sinn.
  • däin Numm sief gehellegt, däi Räich soll kommen, däi Wëll soll geschéien, dat sinn 3 Formuléierunge fir Eent an dat Selwescht: d’Verben, hei iwwersat mat “sief gehellegt”, “soll kommen”, “soll geschéien” hunn am Griicheschen Text eng Form, déi ee “passif divin” nennt, dat heescht datt eigentlech Gott deen ass, deen handele soll. Ma, aus Respekt, gëtt Gott net genannt. Also ass mat deenen 3 Sätz gemengt: Gott, maach du däin Numm helleg – maach du, datt däi Räich kënnt - maach du, datt däi Wëlle geschitt”.

Tjo, mee, wéi soll Gott “säin Numm” helleg maachen? Ma, “den Numm” ass, biblesch ausgedréckt, “dat, wat een duerstellt, dat, wat een ausmécht”. Anescht ausgedréckt: Gott soll dach entelch weisen, wéi hien ass an agräifen an d’Geschicht. Dobäi kënnt, datt “säi Räich komme soll”, anescht ausgedréckt: Gott soll säi Plang, deen hien zënter dem Ufank mat der Mënschheet hat, Wierklechkeet gi loossen; Gott soll d’Gitt an d’Hand huelen. An, 3., “däi Wëll soll geschéien wéi am Himmel, sou op der Äerd”, anescht ausgedréckt: Gott soll maachen, datt d’Welt a mat hir d’Mënschheet, déi ginn, wéi se vun Ufank u geduecht woaren. De Mënsch ass domadder net “am Chômage”, ass hien dach de Stellvertrieder, deen am Sënn an am Geescht vu sengem Schëpfer matschaffe soll, wéi schonn an der Schëpfungserzielung um Ufank vun der Bibel steet. An de Mënsch kritt och gesot, datt net hien am Mëttelpunkt steet, mee, am Mëttelpunkt steet d’Realisatioun vun dem Herrgott sengem Plang, vum Herrgott sengem Räich.

  • Den Ausdrock aus den Evangelien “et misst een sech verleegnen” – en Ausdrock, deen iwwert d’Joerhonnerte fir vill Misär gesuergt huet – heescht och näischt aneschters, wéi dat doten.
  • Um Uelegbierg, den Owend viru senger Passioun seet de Jesus “Mäi Papp, net mäin, mee, däi Wëlle soll geschéien”. Och do ass a biblescher Sprooch gesot datt “säi Papp” maache soll datt d’Welt a mat hir d’Mënschheet, déi ginn, wéi se vun Ufank u geduecht woaren. De Jesus seet am vläicht däischterste Moment vu sengem Liewen, datt net hie selwer wichteg ass, ma, de Plang vu Gott mat der Mënschheet an der Welt.
  • Elo ass dee Saz do awer mat der Zäit zu engem Saz ginn, dee gehollef huet – an och haut nach hëlleft – d’Schicksalschléi vum Liewen z’erdroen an hinnen, zu engem bestëmmte Grad, e Sënn ze ginn.

Déi Spritualitéit huet sécher hir Plaz an et steet kengem Mënsch zou, wien och ëmmer hien ass, iwwert engem anere Mënsch säi Gebied ze urteelen oder ze befannen.
Dee Podcast hei versicht just nëmmen z’erklären, wat déi 3 éischt Bitte vum Vater Unser a biblesche Formuléierungen ausdrécken.

An, wa mer schonn amgaange sinn, nach ganz kuerz de Rescht vum Vater Unser, wou et dann ëmt dem Mënsch seng Plaz a säi Bäitrag zu deem Ganze geet:
Och do ass Alles am Pluriel, z. B. steet net do “dat Brout, dat ech brauch”, mee “dat mär brauchen”; dat griichescht Wuert ἐπιούσιος kënnt nëmmen hei vir; et bedeit warscheinlech “dat, wat mer wierklech brauchen”, “dat Brout, dat mer all Dag brauche fir ze liewen”, warscheinlech eng Uspillung op d’Manna, wéi d’Vollék Israel op sengem Wee aus der Sklaverei an Ägypten domadder um Liewe gehal ginn ass.
Da geet et viru mat « looss äis eis Schold no, wéi och mir deenen, déi an eiser Schold sinn, se nogelooss hunn” – hei, beim Mt ass richteg Schold geméngt, fir déi een deemools konnt als Sklav verkaaft gi mat Fra a Kanner am Fall, wou een se net begläiche konnt. Et gëtt awer och Exegeten, déi an dier Schold “Sënne” gesinn. Egal wéi, eréischt wa mär (net “wann ech”) deenen aneren hir Schold nogelooss hunn, eréischt dann kann och äis eis Schold nogelooss ginn. - Direkt nom Vater Unser geet et ëmt “dat, wat anerer falsch gemeet hunn” an och do gëtt betount, datt d’éischt mär verzeie mussen, ier mer erwoarde kënnen, selwer verzien ze kréien. 
Wann een awer elo higeet an d’Evangelie liest, da betount de Jesus ëmmer erëm datt all Mënsch, a sief en dee gréisste Fatzert, bedingungslous ugeholl ass vu Gott; an eréischt wann dee Fatzert dat unhëllt, eréischt dann ass hien opgeruff, eppes a sengem Liewen z’änneren. – An hei steet dann elo de Géigendeel: ma jo, well dat Gebied hei eent fir Insideren ass, also Fatzerten, déi dat Ugehollsi gutt fonnt hunn an dann, als Konsquenz, dat och liewe missten. De Vater Unser weist, datt dat net ëmmer gelongen ass an et schéngt, wéi wann et an deem Beräich Problemer ginn hätt bannent dier Gemeinschaft fir déi de Matthäus geschriwwen huet, dofir huet hien esou dorop insistéiert.

  • D’Gebied hält op mat “a féier äis net a Versuchung, ma maach äis fräi vum Béisen”, e Saz iwwert deen och scho vill nogeduecht gouf – Klammer op : wat ënner « Versuchung » ze verstoen ass, erlaben ech mer, op den 3. Podcast aus dëser Serie ze verweisen, deen deen direkt no dësem kënnt – Klammer zou; 2017 huet z. B. d’Conférence épiscopale française décidéiert “et ne nous soumets pas à la tentation » ëmzeänneren an « ne nous laisse pas entrer en tentation ». Déi Ännerung gëtt erkläert domadder 1. datt et net Gott ass, deen de Mënsch op d’Prouf stellt, wéi schonn am NT de Jakobusbréif festhält. An, 2., datt d’Verbe am Griichesche warscheinlech eng schlecht Iwwersetzung vum Aramäeschen ass: am Aramäeschen an am Hebräesche gëtt et eng Verbform, den Hi’phil, deen ee gebraucht wann ee betoune wëllt, datt een een eppes maachen deet; dës Verbform ass e « causatif ». Elo kann dësen Hi’phil entweeder de Sënn hu vun « erlaben, datt een eppes mécht » (dat ass dann de Permissif) oder « toleréieren, datt een eppes mécht » (dat ass dann den Tolerativ) – an Iwwersetzungen ass Villes eng Saach vun Nuancen. Deemno wier hei effektiv z’iwwersetze mat entweeder «  a looss net zou datt” oder mat “an erlab net datt mer op d'Prouf gestallt ginn ». – Dee « Béisen » kann esouwuel der Däiwel mengen, wéi dat « Béist » allgemeng.
  • D’Fro, wou dat Béist an der Welt hirkënnt gëtt an der Bibel net gestallt, weeder am Alen nach am Neien Testament: fir d’Leit aus bibleschen Zäiten ass et einfach do. Mee, deem géigeniwwer gëtt ëmmer erëm betount, datt déi vu Gott gewollten a gefouert Schëpfung op e gutt Enn histeiert an net sech selwer iwwerlooss ass

Hannescht bei “maach eis fräi vun dem Béisen”: Domadder hätt d’Gebied opgehale mat eppes Negativem, mam “Béisen” an nach zousätzech gëtt eppes gefrot. Mee, e jüddescht Gebied kann awer net esou ophalen, well d’Luef feelt, e Luef dat eppes méi Freedeges mat sech bréngt an domadder och Hoffnung.

Esou koum du ganz fréi e Luef dobäi, duerch e chrëschtlecht Schreiwes, d’Didachä, dat et net an eis Bibele gepackt huet, also net zum Kanon gehéiert awer vill geliese ginn ass, an dat esou al ass wéi d’Schrëften aus dem NT. Dee Saz ass: “Well Däint ass d’Räich, an d’Kraaft an d’Herrlechkeet an all Éiwegkeet”, bekräftegt duerch “Amen”, dat heescht “jo, sou soll et sinn”.
 

An dësem 1. Deel vun der 3. Episod vun der 2. Serie “biblesch Begrëffer, déi duerch hir Wierkungsgeschicht belaascht sinn, resp. gäre verkéiert verstane ginn” geet et ëmt “d’Versuchung”.

"Eieiei – an du sinn si der Versuchung erleeën !"
"Ech hat esou gutt mat mengem Regime ugefaangen, mee, dunn, sorry, du woar d’Versuchung einfach ze grouss..."
 
Kommt, kucke mer mol, wou dat Wuert hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:

D’Erzielung vum Jesus senge “Versuchungen”, mengen ech, ass nawell zimlech bekannt – et huet ee scho mol dervun héieren. U sech ass et jo berouegend ze wëssen, dass de Jesus selwer “der Versuchung” ausgesat war.

Dat Däitscht Wuert “Versuchung” huet seng Plaz am Lëtzebuerger reliéise Sproochgebrauch, duerch de Gebrauch vum Däitschen an de Kierchen, an der Liturgie am Katchëssem, der Kannerléier, wéi fréier gesot gouf, dunn am Reliounsunterrecht, resp. haut nach an der Katechees - an doriwwer eraus an der Alldaagssprooch.
Dobäi gëtt et awer eng Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Griichesche Verbe πειράζω, resp. vum Substantiv πειρασμός, déi och nach de Sënn vum Griichesche besser erëmgëtt, wéi dat haut ominéist Däitscht Wuert “Versuchung”, an zwoar ass dat “op d’Prouf stellen”.

D'Saach ass effektiv alt nees e bëssi tricky, well d’Verbe πειράζω a verschiddene Kontexter gebraucht gëtt – also verschidde Bedeitungen, verschidden Nuancen huet, déi een all ofdeckt, wann een iwwersetzt mat “op d’Prouf stellen” – déi d’Wuert “Versuchung” am Däitschen ursprünglech och schéngt gehat ze hunn, déi awer am Laf vun der Zäit verluer gaangen ass:

  • Esou bedeit d’Wuert an den Evangelien da, graff gesot, d’éischt emol “op d’Prouf stellen”, sou wéi an der Schoul oder der Arméi bei enger “Prüfung” (alt nees en Däitscht Wuert), fir engem op den Zant ze fillen, fir , engersäits, ze kucken wéi ee funktionéiert, wéi ee Charakter een huet, an, anerersäits fir z’ënnersichen, wat ee geléiert huet oder kann; An dem Mt-Ev. liese mer z. B. (16, 1): “D’Pharisäer an d’Sadduzäer sinn dohi komm, fir de Jesus op d’Prouf ze stellen, an hunn hie gebieden, hinnen en Zeeche vum Himmel ze weisen”; oder, beim Lk (10, 25):”Dunn ass een, deen sech am Gesetz auskannt huet, opgestan. Hie wollt de Jesus op d’Prouf stellen a sot: ’Meeschter, wat muss ech maachen, fir um éiwege Liewen deelzehunn?’
     
  • Πειράζω, “op d’Prouf stelle” bedeit dann awer och, méi negativ, “engem eng Fal stellen”: d’Beispiller vun elo just vun de Pharisäer an de Sadduzäer, déi en Zeeche vum Himmel wëlle gesinn, an dat vun deem, deen sech am Gesetz auskannt huet an de Jesus freet, wat hie maache muss fir um éiwege Liewen deelzehunn, kann och esou verstane ginn, wéi wann si de Jesus net einfach hätte wëllen testen, mee, him eng Fal hätte stelle wëllen;
     
  • Als 3. Bedeitung hätte mer “eppes probéieren”, “versichen eppes ze maachen” – an hei géif d'Iwwersetzung mat “op d’Prouf stelle” kee Sënn maachen, an awer  hu mer dat Griichescht Verbe πειράζω; dovunner hu mer kee Beispill an den Evangelien, wuel awer an den Dote vun den Apostelen, an der Apostelgeschicht. Ech zielen déi Bedeitung hei mat op, fir ze weisen, wéi wichteg de Kontext vun engem Wuert an engem Saz ass, an, wéi wichteg dee méi breede Kontext vun der Erzielung, jo seng Plaz engem ganze Buch ass. Dat 1. Beispill dréint ëmt de Saulus-Paulus, nodeems hien d’Chrëschten zu Jerusalem an Ëmgéigend fanatesch verfollegt hat : ”Wéi hien (de Paulus) op Jerusalem komm ass, huet hie versicht, sech de Jünger unzeschléissen. Si hunn hien awer alleguer gefaart, well si net gegleeft hunn, datt hien e Jünger wär” (9, 26) En anert Beispill méi wäit an der Apg, wéi de Paulus dem Kinnék Agrippa säi Fall erkläert a firwat hien un de Keeser zu Roum appeléiert huet. Hie seet : ”Dowéinst hu Judden am Tempel Hand u mech geluecht a probéiert, mech doutzemaachen.” 
     
  • Gi mer, fir déi 4. Bedeitung, hannescht bei d’Evangelien, wou πειράζω, dann och mat enger negativer Nuance, de Sënn huet vun “sech Méi gi fir eppes z’erreechen” awer, wéi gesot am Negativen – an do si mer da bei de sougenannte “Versuchungen” ukomm. Et ass dëst eng Erzielung, déi mer an deenen dräi synopteschen Evangelien erëmfannen, d.h. – an der Reienfolleg vun eise Bibelen – am Mt- Ev., beim Mk a beim Lk, all Kéiers ganz um Ufank vum Jesus senger Missioun, nodeems hien sech grad vum Johannes am Jordan deefe gelooss huet. Dat heescht, datt mer hei grouss Chancen hu fir hei ganz al chrëschtlech Iwwerliwwerung ze liesen.

Wourëms geet et? Ma, beim Mt a beim Lk ëmt den διάβολος, “deen, deen uklot, spléckt, trennt”, am Mk-Evangelium ëmt de σατανᾶς oder σατάν (Mt 4, 10), aus dem Hebräeschen, de “Géigner” deen, an der Wüüst, de Jesus op d’Prouf stellt am Sënn vun “sech Méi ginn huet fir z’erreechen” datt de Jesus sech “versënnegt” – wat ënnert “versënnegen” ze verstoen ass, geet aus dem Text ervir.

Wa mer an deenen dräi Synoptiker kucken, wou dës Erzielung steet, da fällt op datt mer am Mk an am Mt- Ev. d’Reienfolleg hunn: “de Jesus léisst sech vum Johannes den Deefer am Jordan deefen – de Jesus gëtt vum Geescht an d’Wüüst gedriwwen, wou hie 40 Deeg laang faascht an op d’Prouf gestallt gëtt, vum diabolos, resp. vum Satanas”, dono fänkt hien seng ëffentlech Missioun a Galiläa un a verkënnegt d’Evangelium, dem Herrgott säi Räich. Beim Lk hu mer déi nämmlecht Reienfolleg, just datt do dem Jesus seng Genealogie nach dertëscht ass, déi iwwert de Jouseph, iwwert de Kinnek David zréckgeet bis bei den Adam, de Jesus also als Member vun der ganzer Mënschheet opweist bis bei Gott, als Legitimatioun souzesoen fir dat, wat dono kënnt. Beim Lk gëtt och u Beispiller, un deem, wat de Jesus mécht a seet, gewisen, woura Verkënnegung vum Evangelium a vum Herrgott sengem Räich bestinn.

Et schéngt also och drëms ze goen, de Leit, déi déi Evangelien do liesen oder nolauschteren - deemools wéi haut-, ze weisen, wéi eng Etappen néideg si fir si fir an d’Nofolleg vum Jesus vun Nazareth ze trieden: am Mt- Ev. gëtt extra ervirgestrach, datt de Jesus et net néideg hat vum Johannes am Jordan gedeeft ze ginn, hien hat jo net néideg “ëmzedenken”, an dach huet hien sech deefe gelooss; dono kréie mer hie gewisen, wéi hien, no 40 Deeg faaschten hongereg woar, faaschte woar also och fir hien net nëmme liicht; dono gëtt hien op d’Prouf gestallt an, esouvill Méi sech den Diabolos, resp. de Satanas och gëtt, hie widdersteet, hien ass net ënnerleeën.
Domadder gëtt – an der Virstellung vun der deemoleger Welt – de Jesus als de perfekte Léiermeeschter duergestallt: als Léiermeeschter ass hie selwer déi eenzel Schräck vir gaangen an huet virgelieft, wou de Wee higeet. Dorëms geet et also och nach – dat maache mer dann am 2. Deel vun dësem Podcast.

Hei dann elo den 2. Deel vun der 3. Episod vun der 2. Serie “biblesch Begrëffer, déi duerch hir Wierkungsgeschicht belaascht sinn, resp. gäre verkéiert verstane ginn” wou et ëmt “d’Versuchung” geet.

Wa mer da lo déi sougenannte “Versuchungen” an den Evangelie méi genee kucken, mierke mer: Am Mk-Ev., deem eelste vun deenen dräi, kréie mer just e Résumé, keng weider Detailer. D’Mt an d’Lk-Ev. si méi gespréicheg. Allen dräi kommen se an der Liturgie vir, an zwoar den 1. Faaschtesonndeg vun deem jeeweilege liturgesche Joer.

Dofir, kommt, kucke mer deen éischte vun dësen Texter an eisem NT, also d’Erzielung, wéi mer se beim Mt fannen. Ech liese Mt 4, 1-11 vir, e Beispill, wou een alt nees gesäit, wéi Aalt an Neit Testament matenee verstréckt sinn :

1 Duerno gouf de Jesus vum Geescht an d’Wüüst gefouert, fir vum Däiwel op d’Prouf gestallt ze ginn. 2 40 Deeg a 40 Nuechte laang huet hien do gefaascht ; um Enn war hien hongereg. 3 Dunn ass deen, deen hien op d’Prouf stelle sollt, dohi komm a sot zu him: ‘Wann s du dem Herrgott säi Jong bass, da so, déi Steng hei solle Brout ginn!’ 4 De Jesus huet him geäntwert: ‘Et steet geschriwwen: De Mënsch lieft net nëmme vu Brout, ma vun all Wuert, dat aus dem Herrgott sengem Mond kënnt.’ 5 Dueropshin huet den Däiwel hie mat an déi helleg Stad geholl an hien op d’Spëtzt vum Tempel gestalt. 6 Hie sot zu him:’Wann s du dem Herrgott säi Jong bass, da gehei dech hei erof! Et steet nämlech geschriwwen: Wéinst denger gëtt hien sengen Engelen den Uerder, an si droen dech op den Hänn, fir datt s du dir de Fouss net un engem Stee stéiss.’ 7 De Jesus sot: ‘Et steet och nach geschriwwen: Du solls den Här, däi Gott, net op d’Prouf stellen !’ 8 Duerno huet den Däiwel hie mat op e ganz héije Bierg geholl an him alleguer d’Räicher vun der Welt an hir Herrlechkeet gewisen. 9 Hie sot zu him:’All dat hei ginn ech dir, wann s du nidderfälls a mech ubiets.’ 10 Du sot de Jesus zu him: ‘Fort mat dir, Satan ! Et steet nämlech geschriwwen : Den Här, däi Gott, solls du ubieden, an him eleng solls du déngen!’ 11 Dueropshin huet den Däiwel hie verlooss, a kuck, et sinn Engelen dohi komm an hunn hie bedéngt.

Kommt, gi mer duerch den Text:

Deen nämmlechte Geescht, dee bei der Daf , just virdrun, op de Jesus erofkomm ass, féiert hien elo an d’Wüüst. (An net der Däiwel, net den diabolos, “deen, deen uklot, spléckt, trennt” !) Dat heescht, dat wat elo geschitt, geschitt net baussent dem Jesus sengem Opdrag an domadder net baussent dem Plang, dee Gott mat der Welt huet. Hie gëtt an d’Wüüst gefouert, d’Wüüst ass an der Bibel eng Plaz vu Réngegung a vun Iwwergang, vu Begéignung mat Gott. Elo gëtt den Diabolos ernimmt : Diabolos kënnt vum griicheche Verbe διαβάλλω, d.h. « deelen, splécken, trennen, ukloen, verleumden ».

Mer gi gewuer, datt de Jesus 40 Deeg a 40 Nuechte gefaascht huet: Am A.T. ginn d’Generatioune mat 40 Joër gerechent, et gëtt deemools ugeholl, datt e Mënsch 40 Joer brauch fir räif ze ginn. Sou laang ass d’Vollék Israel an der Wüüst ronderëmgezu fir op de Bond tëscht Gott an hinnen um Sinaï virbereed ze ginn, de Moses huet 40 Deeg a 40 Nuechte gefaascht ier hien op de Bierg Sinaï eropgaang ass fir d’Gesetzestafele mat den ”10 Geboter” ze kréien, an der Wüüst huet de Prophéit Elija 40 Deeg a 40 Nuechte laang gefaascht ier hien op de Bierg Horeb gaangen ass, fir do géint déi heednesch Baalspriister unzetrieden. Fazit: D’Leit aus bibleschen Zäite faaschten net einfach well et um faaschten ass, mee, faaschten, zëmools an der Wüüst, ass ëmmer d’Virbereedung op eppes Wichteges, op d’Begéignung mat Gott. (Et kann och aus Trauer sinn, an der Erënnerung un eppes Tragesches, mee, dat ass hei jo net de Fall.)

Elo, wou de Jesus hongereg, a méi wéi sécher och duuschtereg ass, huet deen, deen “uklot, spléckt, trennt” säin Optrëtt: an deem, woumadder hie provozéiert si « Versuchungen”, Situatiounen, déi de Jesus säi Liewe laang begéine sollt, personifizéiert a regruppéiert. Hie fänkt u mat ‘Wann s Du dem Härgott säi Jong bass’; domadder zweifelt hien dat un, wat bei der Daf just hei virdrun vu uewen erof gesot ginn ass.

Um Schluss vum Mt-Evangelium, ënnert dem Kräiz, seet den Centurio : « Wierklech, deen dote war dem Härgott säi Jong ! » – dat heescht, datt mer hei eng Thematik hunn, déi duerch dat ganzt Evangelium erduerch geet: dem Herrgott säi Jong ass deen, deen eng privilégiéiert Relatioun mat him huet, esou wéi d’Kinnéke vun Israel se eigentlech hätten hu sollen. Den Titel ”dem Herrgott säi Jong” an de Begrëff vum “Herrgott sengem Räich” sinn enk matenee verbonnen;

Den Diabolos ass net domm, weess hien dach datt de Jesus hongereg ass. Hie seet :’ ‘Wann s du dem Herrgott säi Jong bass, da so, déi Steng hei solle Brout ginn!’ De Jesus äntwert mat Wierder aus dem Buch Deuteronomium, deem 5. Buch dat dem Moses zougeschriwwe ginn ass, deem 5. Buch vum Gesetz, vun der Tora wou verzielt gëtt, wéi d’Israeliten an der Wüüst d’Manna kritt hu fir net z’erhingeren a fir datt si ophale sollte mat knouteren. Am Laf vun der Zäit huet d’Manna du symbolesch all Hëllef an Ennerstëtzung vu Gott bedeit ; Hëllef an Ennerstëtzung, déi néideg si fir d’Liewen, esou néideg ebe wéi Brout. T’nämmelecht niert och « all Wuert, dat aus dem Härgott sengem Mond kënnt » de Mënschen hire Geescht an hiirt Häerz.

Dono zitéiert den Diabolos e Psalm, mee, hie bleift um Niveau vun de Wierder, net deem vum Sënn : ’Wann s du dem Herrgott säi Jong bass, da gehei dech hei erof! Et steet nämlech geschriwwen: Wéinst denger gëtt hien sengen Engelen den Uerder, an si drone dech op den Hänn, fir datt s du dir de Fouss net un engem Stee stéiss’. Am Laf vun der Zäit gouf dëst Zitat op all fromme Judd bezunn. - Ma, wéi déi Kéier virdrun an déi Kéier dono äntwert de Jesus him och hei mat engem Zitat aus dem Dtn: de Mënsch soll den Herrgott net op d’Prouf stellen, d.h., net wëlle mordikus kucken, wéi wäit dem Herrgott seng Gedold, oder, wéi hei, mat der Suerg fir de Fouss, seng Guttheet, ginn.

Da kënnt den 3. Versuch (vu “Versuchung” am Däitschen) vum Diabolos, deem, deen an den Evangelien deen ass, dee versicht sech Gott an de Wee ze stellen: Der Däiwel bretzt sech iergendwéi engersäits all politesch Muecht ze hunn a proposéiert anerersäits dem Jesus de politesche Messias ze sinn, op dee vill Leit deemools gewoart hunn (den « davidesche Messias ») fir der Besatzungsmuecht vun de Réimer en Enn ze setzen an eng Theokratie anzeféieren. Hie géif dem Jesus all d’Räicher vun der Welt mat hirer Herrlechkeet ginn, wann, jo wann s hie nidderfällt an deen, deen op d’Prouf stellt, ubied.

Elo geet et duer, an den Däiwel kritt gesot, hie sollt verschwannen. Dem Jesus seng Äntwert, wéi scho gesot, ass en Zitat aus dem Dtn: et gëtt seng Iwwerzeegung erëm, de roude Fuedem duerch Säi Liewen erduerch: Den Här, däi Gott, solls du ubieden, an him eleng solls du déngen!’ - « Ubieden » am Däiwel sengem Mond grad ewéi am Jesus sengem heescht, sech komplett ënnerwerfen, mat alle Konsequenzen. Ubieden an déngen, woubäi fir e Judd zur Zäit vum NT, “déngen” heescht um Kult am Tempel deelzehuelen an d’Gesetz vum Moses, d’Tora anzehalen. Dësen Déngscht war en Deel vum Opdrag vum auserwielte Vollék Israel.

Der Däiwel geet dann effektiv senger Wee an Engelen, Buete vum Herrgott kommen a bedéngen de Jesus iwwerdeems hien ësst. Duerch dës Buete kritt hien dat, wat hien sech net selwer gi wollt, well hien der Däiwel widderstanen hat. Dono geet de Jesus hin a fänkt un a Galiläa ze verkënnegen : “Denkt ëm, well d’Himmelräich (also: dem Herrgott säi Räich) ass um Kommen!”

Et geet also an de “Versuchungen” (fir dem Lëtzebuerger Sproochgebrauch trei ze bleiwen) net ëmt eng Moralpriedegt, net drëms anere virzegeheien, si géifen op e Wonner woarden, drop woarden datt aus Sténg Brout gëtt, si géifen eiser Här seng Gedold strapazéieren, si géife kucken, fir u Muecht ze kommen.

An et geet ganz sécher net ëmt d’Versuchung, déi eng Knippchen duerstellt, wann ech grad op Regime sinn, oder eng Fläsch Béier am Dry January.
Villméi geet et ëmt déi reliéis zentral Haltung fir sech vu Verschiddenem fräi ze maachen, Verschiddenem ze widerstoen; an, et geet ëmt déi reliéis zentral Fro: stinn ech am Mëttelpunkt oder, fir et biblesch auszedrécken, dem Herrgott säi Räich, un der Schëpfung matzeschaffen, am positiven, fir Mënsch a Welt, am Sënn vun deem, deen Alles geschafen huet?

An dëser 4. Episod vun der 2. Serie “biblesch Begrëffer, déi duerch hir Wierkungsgeschicht belaascht sinn, resp. gäre verkéiert verstane ginn” geet et ëmt d’Nächsteléift.

"Do war et awer net wäit hier mat hirer Nächsteléift".

Kommt, kucke mer mol, wou dee Begrëff hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:

An den Evangelie gi gäre Gläichnësser gebraucht – op Franséisch “paraboles” - fir eppes ze beschreiwen, fir eppes z’ëmschreiwen. De משׁל woar eng litteraresch Gattung, déi de Leit, déi dem Jesus a Galiläa, Samaria a Judäa nogelauschtert hunn, bekannt woar : am משׁל ginn an enger Erzielung Saachen, Leit, dat, wat se maachen an alldeeglechen Szeene matenee verglach fir doraus eng Léier ze zéien.

משׁלי (משׁל am pl.) goufen et virum Jesus a משׁלי gouf et dono; am Talmud, z. B. Rabbien, jüddesch Léiermeeschteren, hunn se gebraucht; als Rabbi gouf och de Jesus ugesinn: dee blanne Bartimäus riet hie respektvoll a Mk 10, 51 op Aramäesch, der Alldaagssprooch deemools a Galiläa a Judäa u mat “Rabbuni” a muëres fréi, op Ouschtersonnden, riet d’Maria Magdalena deen Operstanenen am Joh-Ev. (Joh 20, 16) esou un - “Rabbuni”, mäi Léiermeeschter.

Déi griichesch Bezeegnung παραβολή bedeit dann och hei “Verglach”, “Saache méi no beienee bréngen”; mat Hëllef vu senge Gläichnësser, senge “vergläichende Léiererzielungen” weist de Jesus, wéi déi Gutt Noriicht, d’Evangelium en Deel

  1. ass vum Plang vu Gott mat der Schëpfung – déi jüddesch, wéi dono och déi chrëschtlech Opfaassung vun der Geschicht ass jo déi, déi datt Gott, als Schëpfer, d’Mënschheet net sech selwer iwwerléisst – an domadder, 
  2. en Deel ass, seng Plaz huet an de Leit hirem dagdeegleche Liewen.

Ënnert deene ville Gläichnësser an den Evangelien fënnt een z. B. dat vum sougenannte « Gudde Samariter » am direkte Kontext vun der Fro wat Nächsteléift ass, dem Begrëff ëmt deen et an dësem Podcast geet.

Ech liese Lk 10, 25-38 vir – iwwregens ass Lk 10, 25-37 d’Evangelium vum 15. Sonnde vum liturgesche Joer C.
An dësem 10. Kapitel vum Lk-Ev. sinn d’Jünger an der Léier ; hei elo kréien si eng mat engem Beispill illustréiert Lektioun doriwwer, wat am Gesetz am Wichtegsten ass a wéi et ze liesen/ze verstoen ass.

Ech liese vir:

25 Dunn ass een, deen sech am Gesetz auskannt huet, opgestan. Hie wollt de Jesus op d’Prouf stellen a sot: ’Meeschter, wat muss ech maachen, fir um éiwege Liewen deelzehunn?’ 26 De Jesus sot zu him: ’Wat steet am Gesetz geschriwwen? Wéi lies du do?’ 27 De Mann huet geäntwert: ‘Du solls den Här däi Gott gär hu mat dengem ganzen Häerz a mat denger ganzer Séil, mat denger ganzer Kraaft a mat dengem ganzen Denken, an du solls däin Nächste gär hu wéi dech selwer.’ 28 De Jesus sot zu him: ’Du hues gutt geäntwert; maach dat, da kriss du d’Liewen.’ 29 De Mann awer wollt sech rechtfertegen a sot zum Jesus: ’Wien ass da mäin Nächsten?’

Elo mol bis heihinner: “Een, deen sech am Gesetz auskannt huet” domadder ass warscheinlech e Schrëftgeléierte geméngt , een, deen sech auskannt huet an der Tora, de 5 Bicher, déi dem Moses zougeschriwwe goufen a wéi se an d’Praxis ëmzesetze woaren; de Lk gebraucht dës Tournure nawell gären.

  • Dëse Schrëftgeléierten wëllt de Jesus op d’Prouf stellen, d.h. hie wëllt de Jesus testen oder him eng Fal stellen; dësen dréint de Spiess ëm a stellt dem, deen sech am Gesetz auskannt huet zwou Géigefroen – esou geet hien dem Test oder der Fal aus de Féiss : deen, deen op d’Prouf stelle wollt, ass elo dee Gepréiften ginn.
  • De Mann äntwert mat deem, wat hie geléiert huet a wat hien d’Leit léiert, nämlech mat den Zitater aus der Torah vun deenen zwéi gréisste Geboter  - dat ass Dtn 6, 5 a Lev 19, 18. Hie seet, wat de Mënsch maache muss fir, fir et biblesch auszedrécken, an d’éiwegt Liewen eranzegoen. – Iwwregens gëtt déi Fro méi spéit, a Lk 18, 18, nach eng Kéier gestallt.
  • Am hebräeschen Text vum Buch Dtn, dem 1. Deel vum Schrëftgeléierten senger Äntwert, steet Du solls den Här däi Gott gär hu mat dengem ganzen Häerz, d.h. mat denger ganzer Iwwerleeung an dengem ganzen Denken, sou wéi et an der Fortsetzung vum Zitat steet, dat scho vum Verfaasser vum Lukas-Ev. fir net-Judden erkläert ginn ass; telwescht fir d’Séil, d.h. mat denger ganzer Lieweskraaft solls du den Här, däi Gott gär hunn.
  • D’Kapitele 17-26 aus dem Buch Lev aus dem AT, deem 3. Vun der Tora, ginn de “Code de sainteté” genannt, well et do drëms geet, wéi Israel soll helleg sinn, well säi Gott helleg ass. Déi vum Mann opgesote “gëlle Reegel”, den 2. Deel vu senger Äntwert, du solls däin Nächste gär hu wéi dech selwer gehéiert also zu deem “Codex”. – Mat deem, wat de Mann geäntwert huet, huet hien eigentlech d’Prüfung bestanen.  
  • Mee, de Mann wëllt « sech rechtfertegen” , wëllt weisen, wéi eecht et him mat senger Fro ass a stellt eng weider Fro: ’Wien ass da mäin Nächsten?’ - Eigentlech wier déi Fro fir e Judd deemools iwwerflësseg, resp. d’Äntwert esou evident, wéi d’Äntwert mat den Zitater aus der Torah : dem Schrëftgeléierten säin Näächste ass 1. all Member vum Vollék Israel, an, 2. wéi am alen Orient allgemeng ugeholl, zumindest an der Theorie, domadder besonnesch déi Schwaach, d’Wittfraen a Weesekanner; 3. gehéiert zu den Nächsten awer och  de Friemen, deen ënnert de Judde wunnt, ënnert hinnen doheem ass. – Vläicht wëllt de Lk hei de Jesus awer och – mëttels de Mann, deen sech am Gesetz auskannt huet-, op déi Fro agoe loossen, well et eng Fro war, déi sech a senger gemëschte Gemeinschaft vu Judden an Heeden, déi Chrëschte gi woaren, ganz aktuell a konfliktuell gestallt huet.

Ech liese virun:

30 Dueropshin sot de Jesus: ’E Mann ass vu Jerusalem erof op Jericho gang, an hien ass Raiber an d’Gräpp gefall. Déi hunn hien ausgedoen an hunn hien zerschloen; du sinn si fortgaang an hunn hien hallef dout leie gelooss. 31 Zoufälleg ass e Priister dee Wee erofkomm. Wéi hien de Mann gesinn huet, huet hien e Bou gemaach an ass laanschtgaang. 32 D’selwescht war et och mat engem Levit : Wéi hien op déi Plaz komm ass an de Mann gesinn huet, huet hien e Bou gemaach an ass laanschtgaang. 33 E Samariter awer, deen och ënnerwee war, ass bis bei de Mann komm, awéi hien dëse gesinn huet, huet et him am Häerz wéi gedoen. 34 Hien ass bei de Mann gaang, huet Ueleg a Wäin op seng Wonne geschott an huet se verbonnen. Dunn huet hien de Mann op säin eegent Reitdéier gehuewen, hien an e Wiertshaus gefouert a fir hie gesuergt. 35 Deen Dag drop huet hien zwou Sëlwermënzen erausgeholl, dem Wiertz e ginn a gesot : ’Suerg du elo fir hien ! Dat, wat s du méi u Sue brauchs, ginn ech dir erëm, wann ech zréckkommen.’ 36 Wie vun dësen dräi ass dann elo denger Meenung no deen Nächste gi vun deem, deen ënnert d’Raiber gefall war?’ 37 Deen, deen sech am Gesetz auskannt huet, sot: ’Deejéinegen, deen him géintiwwer baarmhäerzeg war.’ Du sot de Jesus zu him: ’Da géi, a maach du et grad esou !’

Hei kréie mer elo gesot, wéi mer am Gesetz liese mussen. De Mann, ëmt deen et an der Erzielung geet, kréie mer net weider bechriwwen ; vläicht spillt d’Erzielung tëscht Jerusalem a Jericho (eng 25 Km), well do d’juddäesch Wüüst dertëscht läit, wou sech vill Banditen opgehalen hunn. Vläicht woar hien e Judd, vläicht woar hien e Friemen, vläicht al, vläicht jonk, räich oder manner räich, schéin oder och net.

Dëse Priister, deen dee Wee no dem Mann erofkënnt, d’nämlecht wéi de Levit nom Priister hate Chance, datt si net selwer de Raiber an d’Gräpp gefall sinn. – Firwat grad e Priister – de Lk seet et net, vläicht fir datt de Géigesaz am Behuelen tëscht deenen, déi jo eigentlech d’Gesetz hu misse kennen (Priister a Levit) an dem Samariter méi ervirstécht. De Priister an de Levit si fäerdeg mat hirem Dingscht am Tempel zu Jerusalem, wéinst dem deem si net hätten dierfte mat Blutt a Kontakt kommen ; si gi jo net erop op Jerusalem, mee, si komme vun do erof. Si hunn also eigentlech keng Ausried, keng Excuse.

Du kënnt, als Drëtten, de Samariter, dat heescht, e Mann aus Samaria. Aus geschichtleche Grënn hunn d’Judden sech net mat de Samariter opgehalen an hunn op si erofgekuckt. Ëmgedréint ass et dem Samariter hei am Gläichnes awer egal, ier dee Blesséierten e Judd ass oder net (et gëtt jo och an dem Gläichnes net gesot !) : hie léisst sech bis a seng Träipe beréieren (wuertwiertlech fir ‘et huet am Häerz wéi gedoen’) ; zum Schluss vum Gläichnes  gëtt dat als « baarmhäerzeg sinn » bezeechent : de Mann aus Samaria këmmert sech ëmt dee Mann, net well dat an engem Gesetz geschriwwe steet, mee, well et him un d’Träipe geet, hien esou do leien ze gesinn. - Ueleg gouf op Wonne geschott fir d’Péng ze huelen a Wäin fir ze désinfizéieren.

D’Léiererzielung geet nach virun – se kéint jo eigentlech hei eriwwer sinn. Mee neen, se geet virun : De Samariter huet kee ‘Bernhardiner-Komplex’, ma bezitt aner Leit mat an: hie bezillt e Wiert mat 2 Sëlwermënzen, d.h. ongeféier engem Arbechter deemolls säi Loun vun 2 Schaffdeeg, fir datt de Wiert sech elo virun ëmt de Mann, deen iwwerfall gi woar, këmmert. – Géigesäitegt Vertrauen ass néideg: vum Samariter an dem Wiert an awer och ëmgedréit. Souwäit d’Erzielung.

Du freet de Jesus: Wie vun dësen dräi ass dann elo denger Meenung no deen Nächste gi vun deem, deen ënnert d’Raiber gefall war?

Dat heescht: Et ass net de Mann, deen iwwerfall ginn ass, deen deenen dräi hiren Näächste war, neen, den Nächsten ass … de Samariter: doduerch datt et him un d’Träipe gaangen ass an hien du gehandelt huet ouni ëmzekucken, doduerch datt hie baarmhäerzeg war, ass hien dem Mann säin Näächste ginn ! – D’Perspektiv vum Ufank vum Gläichnes ass geréckelt !

– Et geet hei net ëmt Theorie : et geet ëmt “maachen” : v. 25 ’Meeschter, wat muss ech maachen?’,V. 28 ‘Du hues gutt geäntwert; maach dat, da kriss du d’Liewen.’ A ganz um Wutz, als Konklusioun, V. 37 ’Da géi, a maach du et gradesou !’

Nächsteléift ass an den Evangelien net eng romantesch Léift, keen sech an d’Ärem falen ; Nächsteléift ass villméi e Sech-beréiere-loossen an dann doduerch handelen ; esou gëtt een dann deem Mënsch säin Nächsten. Ech sinn et also, dee mech a Beweegung setze muss – deen, deen nierwent mer steet ass dann net einfach main Nächste, well hien nierwent mer steet, neen: ech sinn opgeruff him säin Nächsten ze ginn.

Esou kann dann och  an der sougenanntener Biergpriedegt zur « Léift fir de Feind » opgeruff ginn, dee perséinlechen an, doriwwer eraus, déi déi d’Muecht hunn ze verfolgen an ze diskriminéieren : ‘Dir hutt héieren, datt gesot ginn ass : Du solls däin Nächste gär hunn, an du solls däi Feind haassen ! Ech awer soen äech : Hutt är Feinde gär a biet fir déi, déi iech verfollegen, fir datt dir Kanner vun ärem Papp am Himmel gitt ! Hie léisst nämlech d’Sonn opgoen iwwer deene Béise grad ewéi iwwer deene Gudden, an hie léisst et reenen op déi Gerecht grad ewéi op déi Ongerecht ….’ (Mk 5, 43ss) – Woubäi “haassen” am biblesche Sënn bedeit “zrécksetzen, manner gären hunn, fir geréng halen” a “gär hunn”, de Vierrang ginn; net ëmäermelen; dat geet zwar och, mee, et ass net dat ëmt dat et hei geet. Villméi geet et drëms, fir een aneren dat ze maachen, wat ech wéilt, datt ee fir mech mécht, egal wien dat ass – dat ze wësse gëtt villen Texter aus den Evangelien eng aner Nues.

An esou kann dann och zur Léift fir sougenannte Sënner opgeruff ginn: denkt do z. B. un déi “Sënnerin” déi, déi aner gären erausgehäit hätten, ma, déi vum Jesus ugeholl gëtt an da mat hiren Tréinen seng Féiss wäscht an se mat hiren Hoer ofdrëschent (Lk 7, 36ss).

Hei stousse mer op eng vun den Erausfuerderunge vum Chrëschtsinn: et gëtt net einfach e Gesetz, deem ‘einfach esou’ texto ze follege wier, mee, et geet drëms ëmmer erëm op en Neits ze décidéieren, wéi eng Haltung een an dëser oder dier bestëmmter Situatioun anhuele wëllt -oder net.

Déi éischt Äntwert vun deem, deen sech am Gesetz auskannt huet, war : ‘Du solls den Här däi Gott gär hu mat dengem ganzen Häerz a mat denger ganzer Séil, mat denger ganzer Kraaft a mat dengem ganzen Denken’ ;

den 2. Deel vu senger Äntwert war : ‘du solls däin Nächste gär hu wéi dech selwer’

Do dertëscht steet « an » : dat 1. geet net ouni dat 2.

An dëser 5. Episod vun der 2. Serie “biblesch Begrëffer, déi duerch hir Wierkungsgeschicht belaascht sinn, resp. gäre verkéiert verstane ginn” geet et drëms “sech ze bekéieren”

“D’Missionare woaren a Schwoarzafrika ënnerwee fir do d’Leit ze bekéieren”
“Wann s de dech net bekéiers, kënnst de an d’Häll!”

Kommt, kucke mer mol, wou dee Begrëff hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:

Wa mir an den Evangelie bliederen, gesi mir datt do 16x d’Verbe “sech bekéiere” gebraucht gëtt an 8x d’Substantiv “Ëmkéier”.

Vun deenen also am Ganze 24x wou dës Thematik an den Evangelie ukléngt, si 15 Texter an de Sonndesevangelie vun der laténgescher Kierch, der kathoulescher Kierch aus eise Géigenden, zréckbehale ginn. An: an der Faaschtenzäit, geet et do net ëmt “Bouss maache” fir sech op d’Karwoch an Ouschtere virzebereeden? – Mir hunn et deemno mat enger dach wichteger Thematik ze doen, net nëmmen an de Jorhonnerte virun eis, mee och nach haut.

lo muss een awer feststellen, datt d’Verbe μετανοέω/sech bekéieren, respektiv d’Substantiv μετάνοια/Ëmkéier jee no Bibel anescht iwwersat ginn.

Dat ass net weider verwonnerlech, wann een déi grouss Dictionnairen a Lexika, d’Referenzwierker fir d’Leit, déi sech mat der Bibel beschäftegen, opschléit, well och do sinn se sech net eens.
An, last, but not least: och d’Exegeten an d’Bibeltheologen – ugefaange bei de Kierchepäpp bis haut - sinn sech net eens.

Hei just e puer Beispiller aus Bibeliwwersetzungen:

Op Franséisch gëtt esouwuel iwwersat mat « faire pénitence, appeler à la pénitence », wéi mat « se repentir », wéi mat « repentance », wéi mat « changer d’attitude” (Segond 21), wéi mat « se convertir, conversion » - heiandsdo gëtt och mol an dier nämmlechter Bibel,  déi eng oder déi aner Iwwersetzung gebraucht. Ouni elo brauchen de Larousse oder de Petit Robert ze zitéieren: « faire pénitence » ass net datselwescht wéi « conversion ». – Wann een higeet an Däitsch Iwwersetzunge matenee vergläicht, muss een datselwescht feststellen : “Umkehr, umkehren, sich reuen, Buße tun” fënnt een do fir μετάνοια a μετανοέω, woubäi awer eigentlech d’Verbe ἐπιστρέφω d’Kéier maachen, also “umkehren” bedeit.

An dann e puer Beispiller aus de Refenzdictionnairen a Lexika: Se fannen, datt mer et hei mat enger wichteger biblescher Terminologie ze dinn hunn ; ma, verschiddener, amplaz d’Wuert u sech z’iwwersetzen, proposéieren et mat engem theologesche Konzept erëmzeginn, wéi z. B. “repentance” oder “résipiscence”. Verschiddener ginn dem Wuert vum alen, klassesche Griicheschen aus no, anerer huele méi den Hebräeschen Text vum AT ënnert d’Lupp iwwert d'Rouloë vu Qumran oder déi jüddesch Schrëften op Griichesch vun engem Philo vun Alexandrien, engem Josephus, d’rabbinesch Litteratur no der Zerstéierung vum Tempel zu Jerusalem, asw, jee, si maachen eng “diachronesch” Analys vum “semantesche Feld”, si ginn dem Wuert – egal ier op griichesch oder op Hebräesch de Verben שׁוב ,ניחם oder dem Substantiv תשׁובה -, duerch Zäit erduerch no a versichen ze verstoen, wat geméngt woar. - Ier den Dictionnaire, Lexikon oder einfach den Exeget oder Theolog kathoulesch oder protestantesch ass, spillt och eng Roll : sou hunn déi kathoulesch eng Präferenz fir “conversion/Umkehr” iwwerdeems déi protestantesch och “Buße tun”, “faire penitence” proposéieren, eng Iwwerstzung, déi mer och beim Hieronymus an der Vulgata, déi an der laténgescher Kierch eng grouss Roll gespillt huet, fannen, paenitentiam agere, oder paenitere . Am Hannergrond vun den Dictionnairen, Publikatiounen, Bibeliwwersetzunge sti jo Leit, déi meeschtens an enger bestëmmter kierchlecher Traditioun stinn, also net wierklech neutral sinn, zëmools fréier woar dat de Fall.

Tselwescht wann een sech Artikelen oder Bicher, Monographien, Etuden zum Thema ukuckt - et kann ee festhalen: d’Iwwersetzung vu μετανοέω a vu μετάνοια ass “work in progress”.

Elo kann een awer net higoen a soen: “Sorry, mir kënnen d’NT, mir kënnen d’Evangelien net iwwersetzen, bis hei Kloërheet geschafen ass” – déi Diskussioun geet jo scho joërhonnertelaang.

Natierlech soll een als Iwwersetzer d’Detailer vun dier Sich kennen – si mer dach all op der Sich, op der Sich fir esou genee wéi méiglech dat erëmzeginn, wat an der Bibel steet.

  • Wann een dann elo higeet an déi Versen aus den Evangelien nierwenteneestellt, wou μετανοέω , resp. μετάνοια virkommen – déi Versen also “a Synopse” liest – da stellt ee fest, datt a Paralleltexter, wou z. B. de Mk an de Mt dës Terminologie gebrauchen, se beim Joh a beim Lk feelt, de Mt gebraucht se, ma déi aner 3 hunn se net; asw. Dat ass fir eis komesch, mee, vläicht musse mer eis froen, ier dës Thematik an den Evangelien, an domadder fir déi éischt Chrëschten awer net ganz esou wichteg woar, wéi mer menge kéinten.
  • Anerersäits gesäit een, datt am Lk-Evangelium déi meescht Verse mat μετάνοια oder μετανοέω keng Parallelen an deenen aneren 3 Evangelien hunn – d’Thematik schéngt dem Lk dann dach awer méi wichteg gewierscht ze sinn, zëmools an den Texter wou de Jesus ënnerwee ass erop op Jerusalem.
  • Eng drëtt Saach ass déi heiten: Wann een elo higeet an déi 16x an den Evangelien, wou et ëmt μετανοέω , resp. μετάνοια geet, méi genee ënnersicht, wann een a jiddfer eenzelnem Vers kuckt 1. wien dervu schwätzt (de Johannes den Deefer, de Jesus oder éire soss een), 2. u wien sech adresséiert gëtt (z. B. Jerusalem, d’Stied Chorazin a Bethsaida, verschiddener vun de Schrëftgeléierten an de Pharisäer, d’Jünger) , 3. ier et eng Präzisioun gëtt zu wat si “sech bekéiere” sollen, oder firwat “si Bouss maachen, bereien” oder “sech bekéiere” sollen, wat jo – soe mer et nach eng Kéier, net datselwescht ass, 4. wéi eng Verbform (den Imperativ aoriste, deen en eemolegen Uerder gëtt oder den Imperativ présent, dee bedeit, datt een eppes ëmmer erëm maache soll oder awer de Subjonktiv fir ze soen “wann dir hei oder do net maacht, dann “) gebraucht gëtt – wann een dat Alles systematesch gekuckt huet, da stellt ee fest:
    • wat d’Adressate an den Imperativ vu μετανοέω ubelaangt: soulaang et d’Schrëftgeléiert oder d’Pharisäer betrëfft, kéint een evtl. mat “kehret um!” iwwersetzen, wat da sënngeméiss heesche géif “kommt hannescht bei de Gott vun Israel a vergiesst all déi vill kleng Gesetzer, déi der ronderëm seng Geboter brodéiert hutt, kommt hannescht bei de Fong, quasi “back to basics”, well dat ass eigentlech de Sënn bei de Prophéiten: d’Leit sollen déi friem Gëtze si loosen an hannescht kommen, “umkehren” bei de Gott vun Israel; evtl. géif dat och nach am Mt-Ev. Sënn maachen, wann do steet “well d’Himmelräich, dem Herrgott säi Räich ass um Kommen”. – “Umkehren” mécht awer net vill Sënn wann, z. B. am Mk-Ev. steet “kehret um” a gleeft un, vertraut dem Evangelium, dier Gudder Noriicht déi de Jesus vun Nazareth verkënnegt, sinn dach d’Lieser oder d’Nolauschterer vum Mk- Ev. net an éischter Linn Judden, ma Heeden – wann déi “umkehre” géifen, géifen si jo hannescht bei hir heednesch Gëtter goen;
       
    • den Imperativ ass ëmmer en Imperativ present – grad ewéi all déi aner Verben, déi an dësem Opruff gebraucht ginn, fir ze soen datt dat, ëmt wat et geet näischt ass, wat een eemol maache soll, well, de Présent am Koinè-Griicheschen ze verstoe gëtt, datt eppes undauere soll, d.h. datt dat, ëmt wat et geet, ëmmer erëm soll gemaach ginn, z. B. a Lk 3 - wou et ëmt Friichten droe vum “Ëmdenke” geet, ëmt “eng Daf vun der Ëmkéier fir datt d’Sënnen nogelooss géifen”-, d’Leit, ënnerteneen deele sollen, d’Steierandreiwer, net méi vun de Leit froe sollen, wéi dat, wat néideg ass, d’Zaldoten, keen ënner Drock setze sollen an, a Lk 17 een ëmmer erëm verzeie soll, ëmmer an ëmmer erëm, wann deejéinegen, dee gesënnegt huet “d’Kéier mécht, sech bekéiert” oder awer “Bouss mécht”, “bereit”, - mee, a Lk 17 gëtt net präziséiert wouranner dat “d’Kéier maachen”, “Bouss maachen” besteet, oder déi Sënnen, déi ee verzeie soll – mat wéi engem vun deene Wierder soll een dann iwwersetzen?;
       
    • an engem aneren Text, deem iwwert d’Stied Chorazin a Bethsaida, géint déi de Jesus gewiedert huet, well se net “ëmgeduecht” hunn obschonn se seng Wierker gesinn hunn an hien se vergläicht mat de Leit vun Tyr a Sidon, déi all zesummen scho laang, wéi et am AT Moud woar, “a Sak an Äschen ëmgeduecht hätten”, wann si gesinn hätten, wat d’Leit vu Chorazin a Bethsaida gesinn hunn. Hei steet “ëmgeduecht”, mee kéint een och mat z. B. “Bouss maachen” iwwersetzen? – Schlecht, well dat géif jo e bestëmmtend Bedauere viraussetzen, vun deem awer hei näischt gesot gëtt; nëmme “Sak an Äsche” ginn ernimmt, kee Bedaueren – also éischter mat “ëmdenken” iwwersetzen, wat net onbedingt e Bedauere viraussetzt.
       
  • Dowéinst hu mär - wéi hei an deem leschte Beispill, iwwerall mat “ëmdenken” iwwersat, wou d’Verbe am Griichesche gebraucht gëtt; ma, d’Lëtzebuergescht erlaabt et net iwwerall aus dem Verbe “ëmdenken” d’Substantiv “Ëmdenken” ze maachen, dofir hu mer do, wou dat net méiglech woar, misste bei “Ëmkéier” bleiwen, well dat eis nach am Nootste bei “Ëmdenken” ze si schéngt an dann och net ouni en Asterix derbäizemaache fir d’Saach am Glossaire z’erklären.

Firwat “ëmdenken”?
Ma, 1. well et eng Reegel fir Iwwersetzer gëtt vun engem gewësse Martin Joos, déi seet datt, wann een e Wuert iwwersetze muss, dat verschidden iwwersat gi kann, also et méi wéi eng Bedeitung huet, de Kontext awer net genee präziséiert, wéi eng Bedeitung fir mäin Text ubruecht ass, een iwwersetzt mat dier Bedeitung, déi am mannsten anengt an de Sënn vum Saz net an eng bestëmmte Richtung dréckt. Mat der Décisioun “ëmdenken” ze gebrauchen, ass déi Konditioun erfëllt: souwuël d’”Kéier maache” wéi “sech bekéiere” wéi “Bouss maache” wéi “eppes bereie” ginn net ouni d’éischt ëmzedenken a gläichzäiteg léisst “ëmdenken” et zou “d’Kéier ze maachen, sech ze bekéieren, Bouss ze maachen” oder “eppes ze bereien”.  An, 2. well “ëmdenken” deen éischte Schrack ass fir seng Haltung am Liewen, seng Usiichten a säi Behuelen z’änneren – an dorëms geet et ganz vill an den Evangelien.

Nach eppes: et ass dat eng Invitatioun, keng Droung – och net do, wou am Lk-Evangelium steet:

’7 Du sot hien (= de Johannes den Deefer) zu deene ville Leit. Déi erauskomm sinn, fir sech vun him deefen ze loosen: … 9 Elo awer ass d’Aaxt schonn un de Beem hir Wuerzel ugeluecht, an all Bam, dee keng gutt Friichten dréit, gëtt ëmgeha an an d’Feier gehäit.’

Mat dëser Ausso gëtt d’Dringlechkeet ausgedréckt eppes z’änneren, näischt méi. – Ëmzedenken ass a bleift eng Invitatioun.

Op anere Plattforme lauschteren

Dëse Podcast ass och disponibel op 

EwB Podcast

Diskussionsrunden zu gesellschaftlichen, sozialkritischen und philosophischen Themen

Op ee Wuert

E Bibel-Podcast

Biblesch Ausdréck

Wou se hirkommen a wat se eigentlech bedeiten

Biblesch Begrëffer

déi duerch hir Wirkungsgeschicht belaascht sinn resp. gäre verkéiert verstane ginn