Alphonse Lichter (* 20.08.1941 - † 14.10.2025)
Eise Matbrudder ass den 14. Oktober 2025 am Alter vu 84 Joer verscheet
Eise Matbrudder Alphonse Lichter ass leschte Dënschdeg 14. Oktober 2025 am Alter vu 84 Joer verscheet.
Hien ass den 20. August 1941 zu Ettelbréck gebuer an de 6. Juli 1968 vum Bëschof Léon Lommel an eiser Kathedral zum Priister geweit ginn. De Läichendéngscht gëtt de Méindeg 20. Oktober 2025 um 10.00 Auer an der Kierch zu Ettelbréck gefeiert.
Mir vertrauen eise Matbrudder dem Herrgott senger Baarmhäerzegkeet un.
Ech bieden Iech, eisem Matbrudder Fons senger an enger Eucharistiefeier ze gedenken.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
D’Mass vum 13. September gëtt vun Trënteng iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
„Führe unsere Schritte auf den Weg des Friedens“
Über 500 Gläubige aus Luxemburg auf einer Diözesanwallfahrt nach Banneux Notre-Dame.
-
« J’avais besoin d’entendre tout ce que Monsieur le Cardinal a dit »
Du 3 au 7 septembre, Mgr Hollerich était présent au Portugal, au pèlerinage de Notre-Dame des Remèdes.
-
Lancement du Cours Grand Public : la foi ouverte à tous
Formation canonique en philosophie et théologie au Centre Jean XXIII – Grand Séminaire.