Skip to main content Skip to page footer

Zwee nei Projete bei der Fondatioun Sainte-Irmine

De Verwaltungsrot vun der Fondatioun Sainte-Irmine huet a senger leschter Sëtzung zwee nei Projete gutt geheescht: Kambodja-Vietnam 2026 a Bourse universitaire Harambee. Entdeckt se elo!

Kambodja-Vietnam 2026: D’Jugendpastoral organiséiert dëst Joer nees eng besonnesch Pilgerrees fir Jonker mat eisem Kardinol a Südostasien.

Bourse universitaire Harambee: D’Zil vun dësem Projet ass et, fir engem jonke Geeschtlechen aus dem Cap Vert eng Bourse ze ginn, fir datt hie säin Héichschoulstudium zu Lëtzebuerg fortsetzen a säi Wëssen dono a senger Heemechtsdiözees notze kann.  
Dir kënnt Iech iwwer dës an all aner Projete vun der Stëftung op www.irmine.lu informéieren an Iech un hinne bedeelegen. 

Merci elo scho fir all Ënnerstëtzung!
 

Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéitvun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.

Highlights

Weitere Aktualitäten

Zwee nei Projete bei der Fondatioun Sainte-Irmine

18. bis 25. Januar 2026: Gebetswoche für die Einheit der Christen

Au désert, trouver l’infini et le silence

D’Mass vum 18. Januar gouf vu Réimech iwwerdroen