Skip to main content Skip to page footer

Trounwiessel

Invitatioun fir d’Mass mat Te Deum an der Kathedral

Am Kader vum Trounwiessel invitéiert de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, déi Gleeweg un der feierlecher Mass mat Te Deum an der Kathedral deelzehuelen. Zesumme mat Vertrieder aus dem ëffentleche Liewe wëlle mir eis Verbonnenheet mat eisem neie Staatschef ausdrécken. D’Pontifikalmass ass e Sonndeg, de 5. Oktober 2025, um 11.00 Auer.
 
 Aus organisatoresche Grënn ass de Public gebieden, tëscht 9.30 a spéitstens 10.00 Auer an der Kathedral Plaz ze huelen; d’Zuel vun de fräie Sëtzplazen ass limitéiert. D’Entrée fir de Public ass an der Rue Notre-Dame. 
 
 D’Mass gëtt op der Tëlee an am Livestream op www.cathol.lu iwwerdroen.
 
 Matgedeelt vum äerzbëschoflechen Ordinariat
 

Rezentes am Archiv

Opstellung fir d'Schlussprëssessioun - Organisation de la procession de clôture de l'Octave

Le Rosaire de Marie ou le Mystère du Christ

Invitatioun: Priisterwei & Gebietsveillée

Avec Marie, apprendre faire confiance dans un monde incertain