Skip to main content Skip to page footer

Häerzlech Invitatioun op d’Christophorusfeier mat Autoseenung zu Beggen!

Feierlech Mass a Seenung den 11. Juli 2026 zu Beggen

All Interesséiert sinn häerzlech invitéiert op déi traditionell Christophorusfeier, déi den 11. Juli 2026 zu Beggen begaangen gëtt.

Um 18.30 gëtt eng feierlech Mass zu Éieren vum Hellegen Christophorus gehalen, gesongen vun de Chorales Réunies vu Beggen, Dummeldeng, Kierchbierg a Weimeschkierch.

No der Mass, géint 19.30, ginn hannert der Kierch an der rue de Rochefort, wéi et Traditioun ass, Vëloen, Autoen, Motorrieder, Trakteren, Bussen an alles, wat rullt an sech fortbeweegt an natierlech d’Leit, déi domat fueren, geseent.

Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéitvun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.

Headlines

Read more

Archiv trifft Bibliothek!

Léiffrawëschdag, en l’honneur de la Vierge Marie

Du 9 au 16 août 2026, une semaine dédiée à Notre-Dame

LuxYouth goes... Cambodge and Vietnam