Skip to main content Skip to page footer

Pater Francis Schumacher O.S.B. (* 08.05.1940 - † 03.02.2026)

Eise Matbrudder ass am Alter vu 85 Joer den 3. Februar 2026 verscheet.

Eise Matbrudder de Pater François Schumacher aus der Benediktinerabtei vu Klierf ass en Dënschdeg, den 3. Februar 2026, am Alter vu 85 Joer verscheet.

Hien ass den 8. Mee 1940 zu Bauschelt (Boulaide) gebuer an de 14. Dezember 1969 vum Bëschof-Koadjutor Jean Hengen an der Parkierch zu Bauschelt zum Priister geweit ginn an huet seng Profession monastique den 2. Januar 1972 zu Klierf gemaach.

Hie stoung vun 1971 bis 2016 am aktiven Déngscht vun der Äerzdiözes Lëtzebuerg, besonnesch am Dekanat Klierf an de Paren, wéi och a verschiddenen Haiser fir eeler a krank Leit. Hien huet och no senger Pensioun a bis virun e puer Méint nach vill Déngschter duerch Gebiet, Begleedung an Zelebratiounen geleescht.

De Läichendéngscht gëtt dëse Freideg 6. Februar 2026 um 15.00 Auer an der Abtei zu Klierf gefeiert. Haut den Owend, Donnescheg 5. Februar um 18.00 Auer, fënnt eng Gebietsveillée fir hien an der Abteikierch statt.

Mir vertrauen eise Matbrudder dem Herrgott senger Baarmhäerzegkeet un. Ech bieden Iech, eisem Matbrudder Francis senger an enger Eucharistiefeier ze gedenken.

Tréischterin am Leed, biet fir hien.

 

 

Obrigado por ler este artigo. Se quiser manter-se informado sobre as notícias da Igreja Católica no Luxemburgo, subscreva o Cathol-News, enviado todas as quintas-feiras, clicando aqui.

 

 

Cabeçalho

mais notícias

Pater Francis Schumacher O.S.B. (* 08.05.1940 - † 03.02.2026)

2 au 4 février 2026 : le cardinal Jean-Claude Hollerich est à Jérusalem

Remerciement aux jeunes retraités du diocèse

Apprivoiser l’Intelligence Artificielle générative pour mieux servir