Skip to main content Skip to page footer

100.000 Euro fir sechs Projeten

De Verwaltungsrot vun der Fondatioun Sainte-Irmine huet déi fräi Donen aus dem Joer 2024 u verschidde Projete verdeelt

A senger Sëtzung vum 2. Abrëll 2025 huet de Verwaltungsrot vun der Fondatioun Sainte-Irmine decidéiert, e Gesamtmontant vun 100.000 Euro, deen aus Donen ouni spezifesch Mentioun besteet, déi wärend dem Joer 2024 gemaach goufen, un dës Projeten ze verdeelen:

- Fonds d’avenir vun der Äerzdiözees Lëtzebuerg: 20.000.- Euro;

- Tëleesmass: 20.000.- Euro;

- Formatioun vun den zukünftege Priister (Encadrement vun zwee vietnamesesche Seminaristen): 20.000.- Euro;

- Scuola materna cattolica internazionale (Renovatioun vun der Schoul): 20.000.- Euro;

- Thailand 2025 (Pilgerrees vun der Jugendpastoral): 10.000.- Euro;

- Spirituellen Zenter um Cents (fir d’Käschten, déi de Bistum iwwerhëlt): 10.000.- Euro.

D’Fondatioun seet allen Donatricen an Donateure villmools Merci fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung! 

Fannt den Aktivitéitsrapport ënnert dësem Link!

Rezentes am Archiv

« Venez et voyez » : les catéchèses pour jeunes et adultes reprennent !

Ordo Archidioecesis Luxemburgensis 2025-2026

Trounwiessel

Messe pour le Pape, dimanche 6 juillet à 18 heures