Skip to main content Skip to page footer

Tëleesmass

D'Iwwerdroung vun der Sonndesmass

Aus „Radiosmass“ gouf „Tëleesmass“: vum 1. Oktavsonndeg 2021 u gouf aus der „Radiosmass“ definitiv eng „Tëleesmass“ an um Fernsehkanal RTL Zwee esou wéi och um ApartTV ausgestraalt. Dat dierft vill Leit freeën, déi sech Sonndeg fir Sonndeg aschalten.

Dëst bréngt och méi Käschte mat sech. Wann déi generéis Donateure vun der „Radiosmass“ sech och ginge fir d’„Tëleesmass“ engagéieren, da kënnten all d‘Notznéisser vun deër neier Entwécklung hinnen dankbar sinn.

Live & Replay

Hei leeft sonndes moies vun 9.00 bis 10.00 Auer d’Iwwerdroung vun der Sonndesmass, all Kéiers aus enger anerer Kierch. Am Replay kënnt Dir d'Massen, déi eriwwer sinn nach eng Kéier kucken a lauschteren. Wielt an der Lëscht ënnen den Datum a klickt dann op déi Zeil. 

Programm vun der Sonndesmass

Den 22. September gëtt d’Sonndesmass vu Kaalber iwwerdroen. D’Chorale Héinescht-Fëschbich-Kaalber séngt d'Mass ënnert der Direktioun vum Edmond Kremer. Op der Uergel begleet d'Nathalie Brachtenbach. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

D’Chorale Héinescht-Fëschbich-Kaalber

D’Chorale Héinescht-Fëschbich-Kaalber ass ee gemëschte Chouer, deen ënnert der Leedung vu sengem Comité ronderëm de Präsident John Lamberty an der musikalescher Féierung vum Dirigent Edmond Kremer ronn 25 Sängerinnen a Sänger zielt.

Ass een och zanter laangem scho Member am Piusverband, esou ass dach keen offiziellt Grënnungsjoer vum Veräin bekannt. Nieft de Sonndes- a Feierdagsmassen séngt d’Chorale och bei Hochzäiten oder Begriefnesser an hiren Dierfer a mat hirem Grillfest am September an dem Apéro-Grill bei der Celsusfeier zu Grandsen dréit si och ausserhalb vun de Kierchemaueren zum gesellschaftleche Liewen an der Gemeng Cliärref bäi.

Zu besonneschen Uläss séngt d’Chorale Héinescht-Fëschbich-Kaalber och emol ee Concert, dëst dann awer meeschtens an Zesummenaarbecht mat de Sängerkolleege vu Wäiswampech, mat deenen een och zanter enger Rei vu Joeren eng gutt Zesummenaarbecht fleegt, wann et drëms geet, sech bei Begriefnis- oder Hochzäitsmasse géigesäiteg auszehëllefen.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Praeludium über den 8ten Kirchenton Georg Elbridge Whiting
Agangslidd Ton amour Seigneur Wackenheim
Kyrie F-Messe Hans Jakadofsky
Gloria Gloria, sing Alleluia Jon Paige
Alleluja Alleluia Jean-Paul Lécot
Credo gëtt gebiet  
Gowelidd En toi, Seigneur Servel / Scholefield
Sanctus Saint , Saint, Saint Jean-Paul Lécot
Vater unser gëtt gebiet  
Agnus Dei F-Messe Hans Jakadofsky
Kommiounslidd Béni soit Dieu  
Schlusslidd Pacem Blessing Thème: J.S. Bach
Sortie (Uergel) March in D Alexandre Guilmant

De 15. September gëtt d’Sonndesmass aus der Glacis-Kapell an der Stad iwwerdroen. D'Fondatioun Sainte-Irmine gestallt d'Mass. Op der Uergel begleet de Robert Depta. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

D’Fondatioun Sainte-Irmine gestallt d’Sonndesmass

D’Tëleesmass gëtt dëse Sonndeg, 15. September, fir d’éischte Kéier iwwerhaapt aus der renovéierter Kapell vum Glacis iwwerdroen. De Generalvikar Patrick Muller, Rekter vun der Glaciskapell, steet der Feier vir. D’Mass gëtt gehale fir all lieweg a verstuerwen Donatricen an Donateure vun der Fondatioun Sainte-Irmine, a besonnesch vun de Projeten “Tëleesmass”, “Renovéierung vun der Glaciskapell” a “Formatioun vun den zukünftege Priister”. Musikalesch gëtt d’Mass animéiert vu Seminaristen, déi zesumme mam Vollek sangen.

Fir matzefeiere fannt Dir d’Liddertexter op engem Lidderblat op www.irmine.lu .

Am Virfeld vum Mariejubiläum 2024-2025 gouf d’Glaciskapell zanter November 2023 renovéiert. Nodeems an enger éischter Phas eenzel Wandmolereie fräigeluecht goufen, notamment ronderëm de Grafsteen vum Mgr Nicolas Adames, éischte Bëschof vu Lëtzebuerg, gouf d’Kapell an de leschte Méint frësch ugestrach. Och d’Beliichtung gëtt moderniséiert an déi uersprénglech Molerei ronderëm de Grafsteen vum Mgr Jean-Joseph Koppes gouf erneiert. Entdeckt déi renovéiert Glaciskapell wärend der Tëleesmass dëse Sonndeg. Merci allen Donatricen an Donateuren, déi via d’Fondatioun Sainte-Irmine an de Kierchefong dës Aarbechten ënnerstëtzt hunn.

D’Tëleesmass lieft zanter 2017 virun allem vun der Generositéit vu ganz ville Leit; pro Mass gi 5.250 Euro gebraucht. Fir datt ganz vill Leit, dorënner besonnesch krank an eeler Matchrëschten, och an d’Zukunft d’Sonndesmass via d’Medie matfeiere kënnen, ass all Ënnerstëtzung wëllkomm (Konto vun der Fondatioun Sainte-Irmine: CCPL LU64 1111 7017 0305 0000 - Mentioun: Tëleesmass).

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Wenn wir in höchsten Nöten sein (BWV 641) J.S. Bach
Agangslidd Dieu nous accueile en sa maison LD 103
Kyrie Missa Mundi LD 329
Gloria Gloria de Lourdes LD 146
Tëschegesank Psaume 114 Chemin néocatéchuménal (chanté par Leonardo)
Alleluja Alléluia de Pâques Magn. 530,7
Credo gëtt gebiet  
Gowelidd Wo soll ich fliehen hin (BWV 646) J.S. Bach
Sanctus Saint est le Seigneur LD 255
Vater unser gëtt gebiet  
Agnus Dei Messe de Flostoy LD 282
Kommiounslidd Pain véritable LD 291
Schlusslidd Christi Mutter stand in Schmerzen LD 450
Sortie (Uergel) Toccata in e-Moll J. Pachelbel

Den 8. September gëtt d’Sonndesmass vun Houschent iwwerdroen. D'Chorale Sainte-Cécile Hoscheid séngt ënnert der Direktioun vum Carlo Wagener. Op der Uergel begleet de Robert Depta. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

D’Chorale Sainte-Cécile Houschent

D’Chorale Sainte Cécile Houschent mat hiren aktuell 12 Sängerinnen a Sänger ënnert der Direktioun vum Carlo Wagener ënnerstëtzt mat hirem Gesank d’Massen, d’Begriefnismassen a Festlechkéeten zu Houschent, Houschter-Déckt an deelweis och an aner Dierfer aus der Gemeng Parc Housen.

D’Prouwen sinn Méindes Owes an der Kiirch zu Houschent an all neie Member ass häerzlech wëllkomm.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Pastorale (BWV 590) J.S. Bach
Agangslidd Louez le Seigneur Co Oremus / E. Baranger
Kyrie Guardian Angel Mass M.L. Nemmers
Gloria Guardian Angel Mass M.L. Nemmers
Tëschegesank Lobe den Herrn, meine Seele Mag. 759,1
Alleluja Alléluja, Alléluja LD 208
Credo gëtt gebiet  
Gowelidd Lobe den Herrn meine Seele LD 70
Sanctus Guardian Angel Mass M.L. Nemmers
Vater unser gëtt gebiet  
Anamnes Wir preisen deinen Tod LD 267
Agnus Dei Guardian Angel Mass M.L. Nemmers
Kommiounslidd Amazing Grace Traditional
Schlusslidd Tournez les yeux Jean-Luc Moens
Sortie (Uergel) Gigue (BWV 590) J.S. Bach

Den 1. September gëtt d’Sonndesmass vun Habscht iwwerdroen. Et séngt d'Solistin Patricia Freres. Op der Uergel begleet de Jonathan Grün. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

D’Solistin an den Organist

Patricia Freres est une soprano luxembourgeoise dotée d'une présence émotionnelle particulièrement expressive et apporte à son art vocal un élan naturel de comédienne.
Née à Esch/Alzette au Luxembourg, elle suit une formation en danse à l'Académie de Danse Germaine Damar, et termine ses études au Conservatoire avec grand succès.
Patricia Freres a développé une large palette vocale et stylistique, qui s'appuie sur l'opéra classique-romantique jusqu'au théâtre musical expérimental actuel à concevoir scéniquement.
Outre des productions musicales sur scène, Patricia Freres a présenté des chansons et des programmes d'arias. Une riche activité de concerts, dans lesquels elle convainc régulièrement le public avec sa voix et son expressivité.

Jonathan Grün - organiste
Originaire de Thionville en France, il apprend le piano et commence tôt à accompagner les messes à l'orgue.
Il suit alors une formation d'organiste liturgique auprès de Raphaële Garreau de Labarre. 
Jonathan Grün est actuellement organiste à Eischen et Hobscheid, et chef de choeur de la chorale d'enfants "Mini-Choeur" à Arlon.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Allegro aus Toccata in C-moll Georg Muffat
Agangslidd - -
Kyrie Messe in G-Dur Franz Schubert
Gloria Deutsches Hochamt Johann Michael Haydn
Alleluja Hallelujah Georg Friedrich Händel
Credo gëtt gebiet  
Gowelidd Ave Maria Franz Schubert
Sanctus Deutsches Hochamt Johann Michael Haydn
Vater unser gëtt gebiet  
Anamnes Il est vivant LD 269
Agnus Dei Gott ist mein Hirte Antonin Dvorak
Kommioun (Uergel) Verbum supernum Alexandre Guilmant
Schlusslidd Amazing grace Roland Erben
Sortie (Uergel) Festive postlude Paul Fey

Den 25. August gëtt d’Houmass vun Wäiswampech iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Weiswampach séngt ënnert der Direktioun vum Edmond Kremer, begleed op der Uergel vum Julien Landers. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

D’Chorale Sainte-Cécile Weiswampach

Aus engem Männerchouer, deen seng Ursprëng am Aafank vam 20. Joerhonnert haat, hatt sech am Jôr 1976 een gemëschten Gesangvereng, ënnert der Bezeechnung „Chorale Sainte-Cécile Weiswampach“, forméiert, deen sëch zur Aufgab gestallt hatt, den Kirichegesang ze pflegen, d’Gottesdéinster an t’Kirichefester ze verschingeren, su wie o op weltlicher Basis mattzewiriken. De Wämper Gesang besteht hockt aus 21 aktiven Sänger*innen.
Fir di reliéis a weltlech Optrëtter virzebereeden, prouwt eis Chorale, all Donnesdig ëm 20.00 Auer an der Kirich zu Wäiswampich, ënnert der Leedung vam Edmond Kremer.
Mirr sën ëmmer gären bereed fir néi Sänger*innen an eiser Mëtt opzehualen. Jiddereen, dee Fréid aam Sangen hatt (Gesangserfahrung a Noutenkenntnisser sën nët erforderlich), ass ganz härzlich bei eis wëllkomm. Bass Du interesséiert, da hual einfasch Kontakt matt eis op oder komm eis an enger van eisen Prouwen beséichen, mirr fréien eis iwwer all Ennerstëtzung.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée Präludium in C – BWV 545 Johann Sebastian Bach
Agangslidd In nomine - Missa Harmonia Mundi Lorenz Maierhofer
Kyrie Kyrie - Messe Carl Frey
Gloria Jubilez, criez de joie Frère Jean-Baptiste du Jonchay
Tëschegesang Cantate Domino Karl Jenkins
Alleluja    
Credo gëtt gebiet  
Gowelidd Aimer, il suffit d’aimer Georges Lefebvre
Sanctus Sanctus + Benedictus - Messe Carl Frey
Anamnes gëtt gebiet  
Vater unser gëtt gebiet  
Agnus Dei Agnus Dei - Messe Carl Frey
Kommioun In Remembrance Ragan Courtney / Buryl Red
Schlusslidd Peuple de Dieu, marche joyeux Didier Rimaud / Christian Villeneuve
Sortie Fuge in C – BWV 545 Johann Sebastian Bach

Den 18. August gëtt d’Houmass vun Kierchen iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Bas- et Hautbellain séngt ënnert der Direktioun vum Edmond Kremer, begleed op der Uergel vum Nathalie Lamberty-Brachtenbach. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée Präludium in Es G.Merkel
Agangslidd Christ aujourd’hui nous appelle CL.Bernard – M. Wackenheim
Kyrie St.Jousef-Mass – 2 st. Josy Klosen
Gloria Gloire à Dieu dans le ciel  
Tëschegesang    
Alleluja Halleluja Alexander-David Nuber
Credo gëtt gebiet  
Gowelidd Comme un souffle fragile Pierre Jacob, Gaëtan de Courrèges
Sanctus

Sanctus

Paroquia de Sao Pedro do Prior Velho

Anamnes gëtt gebiet  
Vater unser gëtt gebiet  
Agnus Dei St.Jousef-Mass – 2 st. Josy Klosen
Kommioun Prenez et mangez Marcel Dazin
Schlusslidd Wir bitten um den Segen Alexander-David Nuber
Sortie Grand Choeur T.Salomé

Den 11. August gëtt d’Houmass vun der Giischterklaus iwwerdroen. D’Chorale réunie Rouspert-Ueswëller séngt ënnert der Direktioun vum Csaba Fazekas, begleed op der Uergel vum Jos Majerus. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

D’Chorale réunie Rouspert-Ueswëller

Op der Giischterklaus hu mir keng eege Chorale, ma mir freeën eis verschidde musikalesch Formatioune fir eis Muttergotteswoch begréissen ze kennen. Méi eng enk Relatioun hu mir mat de Männergesangveräiner vu Rouspert an Uesweller, déi dës Telésmass musikalesch gestalten. Zënter 2003 sange si als Chorale réunie zesummen.

Esou wéi mir all Sonndeg op der Giischterklaus eis Mass gestalten, esou ass och fir dëse Gottesdéngscht bewosst e Programm erausgewielt gi, deen déi vum II. Vatikanesche Konzil gewënschte Participatioun vun alle Gleewegen erméiglecht. Soss am Joer sangen eis Männer ënnert der Direktioun vum Csaba Fazekas gäre Chouerstécker vu Gregorianik iwwert klassesch Wierker bis zäitgenëssesch Kompositiounen. Nom Schoulufank fänken donneschdes owes d'Prouwen nees un. Nei Sänger sinn ëmmer wëllkomm. 

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée Andante alla marcia Felix Mendelssohn Bartholdy
Agangslidd Girster Pilgerliedlein Pierre Schilling
Kyrie Missa de angelis / Missa VIII Choraliter
Gloria Missa de angelis / Missa VIII Choraliter
Tëschegesang Kostet und seht / Ps 34 Mag 471
Alleluja Halleluja Colin Mawby
Credo gëtt gebiet  
Gowelidd Deinem Heiland  
Sanctus Missa de angelis / Missa VIII Choraliter
Anamnes Geheimnis vum Glaawen Mag 1092
Vater unser gëtt gebiet  
Agnus Dei Missa de angelis / Missa VIII Choraliter
Kommioun Panis Angelicus César Franck
Schlusslidd J'irai la voir un jour LD 635
Sortie Fuga in G BWV 577 Johann Sebastian Bach

 

De 4. August gëtt d’Houmass vun Äischen iwwerdroen. D’Chorales réunies vun Äischen - Habscht - Käerch sangen ënnert der Direktioun vum Francis Lucas a begleed op der Uergel vum Jonathan Grün. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

D’Chorales réunies vun Äischen - Habscht - Käerch

D’Chorales réunies vun Äischen – Habscht – Käerch hu sech zesumme gedoen, fir gemeinsam ze prouwen, op de groussen Feierdeeg d’Massen, Begriefnismassen an Concertën ënnert der Direktioun vum Francis Lucas ze sangen. 
Gäre géife mir nei Sängerinnen a Sänger an eiser Mëtt begréissen fir zesummen och an Zukunft déi gesanglech Aktivitéiten ze verschéineren.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée   Jonathan Grün
Agangslidd Ein Haus voll Glorie schauet LD 090
Kyrie Kyrie Glesener
Gloria Gloria Isabelle Fontaine
Tëschegesang Dein Erbarmen o Herr GL 657,3
Alleluja Alleluia LD 206
Credo gëtt gebiet  
Gowelidd Pain des merveilles  
Sanctus Sanctus Glesener
Vater unser gëtt gebiet  
Agnus Dei Agnus Dei Glesener
Kommioun May the road  
Schlusslidd Tu es Petrus Lamberty
Sortie   Jonathan Grün

Den 28. Juli gouf d’Houmass vun Eeschwëller (Wooltz) iwwerdroen. D’Chorale Stainte-Cécile Beetebuerg huet ënnert der Direktioun a begleed op der Uergel vum Sonja Berscheid-Schmit gesong. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

D’Chorale Sainte-Cécile Eschweiler

1923 wurde die CHORALE SAINTE CECILE aus Eschweiler vom damaligen Lehrer Jos Harpes gegründet. 1969 übernahm Georges Wiltgen den Organisten- und Dirigentenposten vom Chor. 1970 nahm er auch Frauen in den einst reinen Männerchor auf. Im Jahre 2000 übernahm Yves Plier die Leitung als Dirigent und Organist, sowie das Amt vom Präsidenten. 
2022 fand erneut ein Wechsel statt, so dass Sonja Berscheid-Schmit den Chor dirigiert, die Orgel spielt und auch Präsidentin wird.

Der Gesangverein der heute aus 7 Damen und 6 Herren besteht, feierte 2023 sein 100 jähriges Bestehen. Die Festivitäten zogen sich über Monate hin. Begonnen wurde mit einer Fotoausstellung, gefolgt von einem Festgottesdienst mit anschließendem Empfang, für alle früheren Mitglieder des Chors. Abgeschlossen wurde das Jubiläumsjahr im Dezember 2023 mit der Herausgabe einer Chronik sowie einem Konzert gesungen von der Chorale Ste Cécile Eschweiler.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Voluntary I andante John Stanley
Agangslidd Chantez, priez, célébrez le seigneur Hubert Bourel
Kyrie Herr erbaarm dech Lëtz. Soul Mass
Gloria Sangt dem Kinnek „Gloria“ Lëtz. Soul Mass
Alleluja Alleluia, Jesus Sauveur Gilles du Boullay
Credo gëtt gebiet  
Gowelidd Seigneur, fait de moi un instrument Jo Akepsimas
Sanctus Sangt all „Helleg“ Lëtz. Soul Mass
Vater unser gëtt gebiet  
Anamnes Jesus Christus Noël Colombier
Agnus Dei Mir waarden op den Här Lëtz. Soul Mass
Kommioun Jesus nahm das Brot Peter Strauch
Schlusslidd Séng Hand féiert mech Lëtz. Soul Mass
Sortie (Uergel) Grand choeur Theodore Salomé

Den 21. Juli gouf d’Sonndesmass vu Beetebuerg iwwerdroen. D’Chorale Ste-Cécile Beetebuerg huet mat der Dirigentin Myriam Schartz gesong. Op der Uergel huet de Romain Ludwig begleet . D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

D’Chorale Sainte-Cécile Beetebuerg

De Beetebuerger Kierchechouer ass offiziell 1889 als Männerchouer gegrënnt ginn. Ënnert der Direktioun vum Schoulmeeschter Maas koum e Bouwechouer derbäi an 1965, ënnert der Direktioun vum Josy Kirpach, ass e gemëschte Chouer entstanen. Dëse Chouer besteet nach bis haut an iwwerhëlt an der Par d’Gestalte vun de Sonndesmassen, op Ufro och Requiemen an Hochzäiten.
De Prouwdag ass Donneschdes an der Kierch um Ducksall, vun 19.30 Auer bis 21 Auer. D’Direktioun gëtt assuréiert vum Myriam Schartz, op der Uergel spillt den Organist Romain Ludwig. All neie Member ass bei eis häerzlech wëllkomm. R.V. ass bei eis um Ducksall.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Introduktioun iwwert d’Agangslidd  
Agangslidd Jubilez, criez de joie Fr. Jean-Baptiste du Jonchay
Kyrie Messe de la bienveillance Jean-Luc Ponzio
Gloria Messe de la bienveillance Jean-Luc Ponzio
Alleluja Halleluja, meine Seele Trad. Brasilien T.&S.: Jean Kleeb
Credo gëtt gebiet  
Gowelidd O Dieu, laisse-nous t’offrir toutes nos vies Jean-Luc Ponzio
Sanctus Messe de la bienveillance Jean-Luc Ponzio
Vater unser gëtt gebiet  
Anamnes Il est vivant LD 269
Agnus Dei Messe de la bienveillance Jean-Luc Ponzio
Kommioun Jésus tu nous as dit Jean-Luc Ponzio
Schlusslidd Ein Haus voll Glorie schauet Joseph Mohr
Sortie (Uergel) Fuga BuxWV174 Dietrich Buxtehude

Aner Sonndesmassen op der Tëlee:

Deeglech Massen:

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung!

Säit Januar 2017 finanzéiert de Bistum d’Opnam an zum gudden Deel och d’Iwwerdroe vun de Massen fir den Internet, .dokTV an RTL selwer. D’Fondation Sainte-Irmine ënnerstëtzt dëse Projet, dee sech u Mënsche riicht, déi aus Gesondheets- oder anere Grënn net an d’Kierch goe kënnen, a fir déi d’Deelhuele via d’Medien dann déi eenzeg Méiglechkeet ass.

Hëlleft mat, a maacht en Don online oder spent op de Konto vun der Fondation Sainte-Irmine LU64 1111 7017 0305 0000 mam Stéchwuert “Tëleesmass”.
Är Spend ka vun de Steieren ofgesat ginn. Villmools Merci!