Skip to main content Skip to page footer

Eng lescht diözeesan Roumrees vum 31. August - 6. September 2025

Als Pilger vun der Hoffnung wëlle mir äis am Jubiläumsjoer mam Bus eng leschte Kéier an d’Helleg Stad op de Wee maachen, fir e Stéck Weltkierch ze erliewen, dem  Poopst Leo XIV ze begéinen, duerch d’Helleg Paart ze goen a mat anere Gleewegen de kulturellen a reléise Räichtum vu Roum ze entdecken. 

D’Rees fënnt vum 31. August bis 6. September statt an et sinn nach e puer Plaze fräi. 

Eng Rees ouni Stress an Hektik, mat Momenter vu Rou a Gebiet, Kultur a Gesellegkeet. Zesumme wëlle mir eng flott Erfarung am Glawe maachen.

De Präis vun deser Pilgerrees am Duebelzëmmer ass 2024 € an am Eenzelzëmmer 2535 €. All Umeldungen ginn direkt bei Voyages Emile Weber um Telefon 283226-300 ugeholl. 

Rezentes am Archiv

Robert Schuman – un homme du 21e siècle

Invitatioun fir den „Te Deum“ an der Kathedral

Sainte Julienne de Cornillon et l’institution de la Fête-Dieu

Opstellung fir d'Schlussprëssessioun - Organisation de la procession de clôture de l'Octave