Weekend vun den oppene Kierchen 2026: 6. & 7. Juni 2026
Appel fir matzemaache!
Mellt är Kierch wgl. un bis den 13.2. bei oppekierchen@ewb.lu. D'Detailer brauche mer bis den 13.3.
Schéckt eis och wgl. Fotoe vun de Monumenter, Erënnerungsstatuen a -fënsteren an Äre Kierchen.
THEMA: Plaze vun der Erënnerung
Eis Kierche si Plaze vun der Erënnerung. Net nëmme well an oder baussent der Kierch dacks Krischsmonumenter ze fanne sinn. D'Kierch steet nämlech meeschtens an der Mëtt vun der Uertschaft an si ass dank hirem Tuerm vu wäitem ze gesinn. An da gëtt et dacks och nach besonnesch Statuen oder Fënsteren, déi un een Evenement erënneren. Awer och soss sinn eis Kierche Plaze vun der Erënnerung: d'Mënsche gungen zu allen Zäiten dohin, wann et Gefore vu Krisch oder anere Ploe gouf. Awer och fir schéin Evenementer, privat oder ëffentlech, versammlen sech d'Leit do. A Statuen, Plaquetten a faarweg Fënsteren ginn dacks als Erënnerung opgeriicht.
IDDIEKATALOG
Virtrag, Visitt guidée, Spaséiertour oder Expo:
- iwwert en Denkmal a seng Geschicht (dacks koum et am Virfeld zu villen Diskussiounen, wéi eng Nimm sollen dropstoen, vu wéi engem Kënschtler et sollt sinn, ween et soll bezuelen, ...)
- en Tour duerch d'Uertschaft laanscht all Gedenksteng a -plazen.
- zum Mariekult wärend dem Krisch. (et gouf z.Bsp. Lëtzebuerger, déi eng Immaculata mat an d'Ëmsidlung geholl hunn.)
- zu Graffitien op däischtere Plazen an der Kierch, vu jonke Männer, déi verstoppt gi waren.
- zu de verschiddenen Hellegefiguren, déi bei Pescht, Cholera oder anere Katastrophen ugebied ginn oder goufen.
- zur Hl. Barbara am Minett.
- mat historeschen, private Fotoen zu Hochzäiten, Kommiounen an Dafen oder zu ëffentleche Feieren an der Kierch.
KALENNER
13. Februar Umeldeschluss: all Kierchen, déi net Member am Reseau oppe Kierche sinn an déi um Weekend vun den oppene Kierchen matmaache wëllen, mussen sech bis dohin ugemelt hunn.
13. März Redaktionsschluss: fir all d'Kierchen, Member an Net-Member vum Reseau. Ech muss da wësesn wini, wat stattfënnt. Eng kleng Beschreiwung a Fotoe sinn och hëllefräich.
UMELDUNG, KONTAKT A FROEN
Laure Simon, Coordinatrice religiöses Kulturerbe, ErwuesseBildung asbl, laure.simon@ewb.lu
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
„Lass mich immer meine Aufgabe und mein Vorrecht als Schausteller bedenken"
Die Schaustellergemeinschaft versammelte sich zum Gebet in der Kapelle von Glacis.
-
En septembre, le Pape Léon XIV demande de prier «pour la protection de l'eau»
L’intention de prière du Pape pour le mois de septembre invite à reconnaître l’eau comme un don de Dieu et un droit «sans frontières».
-
catolicos.lu : un nouveau site internet pour la communauté hispanophone
Horaires des célébrations, catéchisme, sacrements…
-
Episod 19: "d’Nächsteléift"
Op ee Wuert – E Bibel-Podcast iwwer "Biblesch" Begrëffer, déi duerch hir Wirkungsgeschicht belaascht sinn resp. gäre verkéiert verstane ginn