
Invitatioun: Diakonewei & Gebietsveillée
De Kardinol Jean-Claude Hollerich, invitéiert häerzlech all d’Gleeweg, fir un der Diakonewei vum Cedric Latz deelzehuelen.
Den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, de Kardinol Jean-Claude Hollerich, invitéiert häerzlech all d’Gleeweg, fir un der Diakonewei vum Cedric Latz (Par Lëtzebuerg Notre-Dame) deelzehuelen.
D’Wei fënnt statt um Fest vum Apostel Lukas,
de Samschdeg, 18. Oktober 2025 um 10:00 Auer
an der Kierch Maria Kinnigin vum Fridden zu Bouneweg.
Dir sidd invitéiert un der Gebietsveillée fir de Weiekandidat an och fir Beruffungen zum Presbyterat, zum Diakonat an zum geweite Liewen den Owend virdrun deelzehuelen, de Freideg 17. Oktober 2025 um 20:00 Auer an der Häerz-Jesu-Kierch op der Gare.
Dir kënnt d’Formatioun vun de künftege Priister zu Lëtzebuerg mat enger Spend iwwer d’Fondatioun Sainte-Irmine ënnerstëtzen: CCPL LU64 1111 7017 0305 0000 (Mentioun: “Formation des futurs prêtres” / D’Spende si steierlech ofsetzbar.)
Villmools Merci: Är Ënnerstëtzung ass e konkreete Gest fir d’Kierch vu muer a fir hir Pastoral.
Invitation : Ordination diaconale et veillée de prière
L’Archevêque de Luxembourg, le Cardinal Jean-Claude Hollerich invite cordialement tous les fidèles à l’ordination diaconale de Cedric Latz (Paroisse Lëtzebuerg Notre-Dame).
L’ordination aura lieu le jour de la fête de Saint Luc, apôtre,
le samedi 18 octobre 2025 à 10h00
en l’église Marie Reine de la Paix à Bonnevoie.
Une veillée de prière pour le candidat au diaconat et pour l’éveil des vocations sacerdotales, diaconales et à la vie consacrée aura lieu à l’église Sacré Cœur au quartier de la Gare la veille de l’ordination, le vendredi 17 octobre 2025 à 20h00.
Vous pouvez soutenir la formation des futurs prêtres au Luxembourg moyennant un don à la Fondation Sainte-Irmine : CCPL LU64 1111 7017 0305 0000 (Mention : « Formation des futurs prêtres » / Les dons sont fiscalement déductibles). Vos dons sont des gestes concrets de soutien pour l’Église de demain et pour sa pastorale. Merci beaucoup !
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
Podcast: « Je ne fréquentais pas la messe portugaise. J’ai seulement fait la catéchèse en portugais… et je n’ai pas aimé. » — Père Ricardo Monteiro
Le père Ricardo Monteiro a été le premier prêtre d’origine portugaise au Luxembourg. Douze ans plus tard, il partage son parcours.
-
Invitatioun: Diakonewei & Gebietsveillée
De Kardinol Jean-Claude Hollerich, invitéiert häerzlech all d’Gleeweg, fir un der Diakonewei vum Cedric Latz deelzehuelen.
-
Personalveränderungen in der Erzdiözese Luxemburg
Personalveränderungen zum 19. September 2025
-
D’Mass vum 21. September gëtt vu Biekerech iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
15 septembre, rentrée académique au Centre Jean XXIII
La journée a commencé par la soutenance de mémoire de Pedro García Pérez, séminariste.