Niklos-Expo : vum 16. November bis den 8. Dezember, an der Kathedral an zu Dikrech an der Porkierch
Niklosduerstellungen an -traditiounen zu Lëtzebuerg. Konferenzen, Visite-guidéeën, Workshoppen, Quiz, Matsangen...
Zu Lëtzebuerg steet d’Traditioun vum Niklosdag op dem nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen. Mee wie war dee Mann, deem d’Kanner zënter Generatiounen all Joer virum 6. Dezember e laange Wonschziedel schreiwen? A vun deem dat ganzt Joer iwwer op ville Plazen, net nëmmen an de Kierchen, eng Statu oder e Bild ze fannen ass. Wou kënnt en hier? Wat gëtt et fi r Legende ronderëm en a wéi ass d’Traditioun, besonnesch zu Lëtzebuerg?
Niklos-Expo
D’Legenden an Traditiounen zum Kleeserchersdag ginn duergestallt. Donieft gi Fotoe gewise vun den Duerstellunge vum Niklos an de Fester zu sengen Éieren aus dem ganze Land. Och historesch Reportagen an Dokumentatiounsfi lmer aus de 40er- bis 80er-Jore gi projezéiert.
16.11.–24.11. an der Kathedral an der Stad, rue Notre Dame, 09.00 –18.00.
26.11.– 8.12. zu Dikrech an der Porkierch, place des Récollets, an der Woch: 14.00 –18.00, um Weekend: 09.00 –18.00.
(oppassen : wärend engem Gottesdéngscht ass d’Zirkuléieren an der Kierch net erlaabt).
„Léiwen Zinniklos“
Niklosduerstellungen an -traditiounen am ganze Land, eng Konferenz mam Historiker Tom Zago.
- De 17.11., 17.30: an der Stad an der EwB (5, av. Marie-Therèse (Entrée G)) | no der Inauguratioun vun der Niklos-Expo um 16.00 Auer an der Kathedral
- De 25.11., 19.00: zu Dikrech am Festsal vun der Grondschoul, place des Écoles | no der Inauguratioun vun der Niklos-Expo um 18.00 Auer an der Porkierch
Féierung duerch d’Niklos-Expo & Quiz fir Famillen
Donneschden, den 21.11., fënnt eng Féierung vir Famillen duecht d’Ausstellung mat uschléissendem Quiz statt. Déi éischt Féierung ass um 14 Auer, déi zweet um 15 Auer. D’Féierung an de Quiz ass fir Kanner von 6 bis 12 Joer.
Marionnettentheater fir déi Kleng mam Carine Schmit-Kayser
Geschwë kënnt de Kleeschen. Déi 2 Poppe si scho ganz opgereegt. Si stellen hir Schlapp, well si ware jo brav! Awer lo gëtt et héich Zäit, an d’Bett ze goen. Wäert de Kleeschen dann elo eppes bréngen? Loosst Iech iwwerraschen, wéi eis Geschicht weidergeet!
Matsang-Concert
Bouneweger Nuechtigailercher, ënnert der Leedung vum Claudine Schott.
Den 23.11, um 15 Auer bis 15.30 Auer.
Dem Kleeschen säin Iesel um Bauerenhaff
Eng Liesung mat an iwwert dem Kleeschen säin Iesel fir Familljen
De 24.11. beim Paco um Haff (Mullendorf Steinsel).
Mir maachen e Film iwwert de Kleeschen
Für Familien mit Kindern von 5–7 Jahren.
Am 30.11. in der EwB, 10.00 bis 12.00 Auer.
Grousse Kleeserchersdag zu Dikrech
En Dag mat Spill, Spaass, Sangen a Roden, och fir Famillen.
De 6.12. zu Dikrech an der Porkierch.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
25 juillet 325 : fin du Concile de Nicée
Il y a 700 ans, les bases du Credo étaient posées.
-
D’Mass vum 27. Juli gëtt vun Eeschwëller iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Lourdes 2025 : Avec Marie, pèlerins d'Espérance
Suivez chaque jour le déroulement du pèlerinage diocésain des 180 participants, malades et accompagnateurs. Et priez pour eux !
-
L’église abbatiale de Clervaux fête ses 100 ans
La fête de la dédicace sera célébrée les 29 et 30 juillet. Conférence et concert d’orgue sont au programme.