De Fonds d’avenir dréit Friichten
Merci allen Donatricen an Donateure fir hir Ënnerstëtzung!
Ufank Mäerz 2025 huet d’Fondatioun 133.811 Euro un de Bistum iwwerwisen, fir sech esou un de Käschte vun de Paie fir jonk Priister a Laien am kierchlechen Déngscht ze bedeelegen.
Zanter senger Grënnung virun 10 Joer konnt de Fonds d’avenir e Kapital vu méi wéi 3,6 Milliounen Euro opbauen. Fir 2024 hunn d’Placementer vun dësem Kapital 133.811 Euro un Zënse generéiert, déi un de Bistum weidergeleet goufen.
Mir si frou an houfreg als Fondatioun Sainte-Irmine, datt de Fonds d’avenir elo Friichte bréngt!
Merci allen Donatricen an Donateure fir hir Ënnerstëtzung!
Wann Dir Iech um Fonds d’avenir bedeelegen an esou d’Pastoral vun der Kierch ënnerstëtze wëllt, klickt hei!
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
7. Mai: Europaschulen, Dekanat „Norden“, Herzoperierten, ACFL, Kindersegnung, spanischsprachige Gemeinschaft
Hier finden Sie jeden Tag Berichte und Fotos zu den Höhepunkten der Oktave.
-
D'Mass um drëtten Oktavsonndeg gëtt aus der Kathedral iwwerdroen
D’Maîtrise vun der Kathedral séngt d’Pontifikalmass an der Oktav
-
A further step on the path to Synodality
Episcopal Letter on Synodality.
-
Opstellung fir d'Schlussprëssessioun
fir e Sonndeg 10. Mee um 15 Auer an de Stroossen rondërem d'Kathedral