30. Nationalen Dag vun der Resistenz
De Sonndeg 22. Februar 2026 huet de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, um 30. Nationalen Dag vun der Resistenz um 11.00 Auer eng Mass an der Glaciskapell gefeiert fir un all Resistenzler ze erënneren, besonnesch déi, déi am 2. Weltkrich hiert Liewe fir eis Fräiheet geaffert hunn.
A Präsenz vum Premierminister Luc Frieden, dem Vizepresident vun der Chamber André Bauler, en etlech Ambassadeuren, Vertrieder vu patrioteschen Associatiounen a besonnesch dem Präsident vum Comité Directeur pour la mémoire de la deuxième guerre mondiale Guy Dockendorf huet de Kardinol un d’Guttheet vu Gott an op d’Fräiheet fum Mënsch opmierksam gemeet. Hien huet de Courage vun alle Resistenzler geéiert an och un de Courage vun eis alleguer haut appelléiert fir fir Fridden a Gerechtegkeet anzetrieden. D’Mass gouf gesanglech gestalt vun der Chorale des Exilés. Mat der Nationalhymn Ons Heemecht (1. a 4. Stroph) huet de Gottesdéngscht ofgeschloss an de Cortège huet sech eriwwer bei d’Hinzerter Kräiz um Cimetière Notre-Dame beweegt, wou um 12.00 Auer eng Feier virum « Monument national de la Résistance et de la Déportation » stattfonnt huet, wou verschidde Culten, Schüler an Erwuessener, dorënner de Premier Frieden, d’Wuert ergraff hunn.
Merci d'avoir lu cet article. Si vous souhaitez rester informé de l’actualité de l’Église catholique au Luxembourg, abonnez-vous à la Cathol-News, envoyée tous les jeudis, en cliquant ici.
Gros titres
-
Father Fadi Diab : « Tous les chrétiens doivent considérer les difficultés de la Terre sainte comme les leurs »
En visite au Luxembourg, le recteur de la paroisse anglicane de Ramallah témoigne d’une situation dramatique.
-
Les conférences épiscopales d’Afrique et d’Europe ont rendez-vous au Luxembourg
Du 25 au 28 mai, dix-sept cardinaux et évêques participent à un séminaire conjoint CCEE-SECAM.
-
Echternach: Procession dansante 2026
Mardi de Pentecôte, 26 mai. Retrouvez ici programme, points de rendez-vous et horaires.