Biet mat Kanner wärend der Oktav
Als Kaddo fannt Dir hei e Gebietsbuch fir Grouss a Kleng op Lëtzebuergesch erofzelueden. Merci der Madame Elly Schmit-Weber.
Saint Matthäus, a sengem Evangelium, bericht déi folgend Episod (21, 10-16) : „Wéi de Jesus a Jerusalem erageridde komm ass, huet déi ganz Stad geziddert an sech gefrot: „A wien ass dat doten?“ D’Leit, déi mat dem Jesus koumen, soten „Et ass de Prophéit Jesus vum Nazareth a Galiläa.“ De Jesus ass an den Tempel gaang an huet do all déi, déi am Virhaff kaaft a verkaaft hunn, erausgehaït. Hien huet d’Dëscher vun deenen, déi d’Geld gewiesselt hunn, an d’Still vun deenen, déi d’Dauwe verkaaft hunn, ëmgestouss […]. Du si Blanner a Schlammer am Tempel bei hie komm, an hien huet si geheelt. Wéi d’Hohepriister an d’Schrëftgeléiert déi Wonner gesinn hunn, déi de Jesus gewierkt huet, an d’Kanner, déi am Tempel gejaut hunn: „Hosanna dem Jong vum David!“, du sinn si rose ginn. Si soten zu him: „Héiers du net, wat si soen?“ De Jesus huet hinne geäntwert: „Dach. Hutt dir dann ni gelies: Aus de Kanner an de Puppelcher hirem Mond verschaafs du dir Luef?“
Et ass un eis, déi Erwuessen, fir Kanner ze luewen a Gebiet ze erliewen. Um Ufank vun der Oktav ass d'Madame Elly Schmit-Weber generéis genuch fir eis e Gebietsbuch fir Kanner op Lëtzebuergesch ze ginn, e Buch wat haut net an de Librairien ze fannen ass a vun deem si den Auteur ass. Drënner ass e Link fir et erofzelueden (klickt just op d'Miniatur).
Wärend der Oktav stinn eis verschidde Méiglechkeeten zur Verfügung fir mat eise Kanner ze bieden:
– D’Kannerrees, Samschdeg 27. Abrëll, Depart um 15:30 aus der Kierch Saint-Jean du Grund, a Richtung Kathedral;
– E Gebiedsmoment fir den Ofschloss vun der Familljepilgerfahrt, Samschdeg 27. Abrëll um 17.00 Auer an der Kathedral;
– De Seegen vun de Kanner, 1. Mee um 17.00 Auer an der Kathedral;
– Fir méi eeler Kanner, Wallfaart vun de Jonken an der Kathedral, an der Nuecht vum Samschdeg 20. Abrëll op Sonndeg 21. Abrëll, oder Sonndes 21. Abrëll moies;
– Jugendmass, Sonndeg, den 21. Abrëll um 7.30 Auer.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
Podcast: Épisode 12 – Sandro Sandini : « Fratelli Tutti, la fraternité en action »
À Bonnevoie, l’atelier Fratelli Tutti offre chaque semaine un espace où travail et fraternité redonnent dignité aux personnes de la rue.
-
Prälat Jean Pierre Kirsch: Von Dippach in die Katakombenwelt Roms
Jean Pierre Kirsch wurde am 11.12.1925 zum ersten Direktor des neu gegründeten Päpstlichen Instituts für Christliche Archäologie ernannt.
-
D’Mass um 3. Adventssonndeg gëtt vu Wëlwerdang iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Pontifikalmass zum Ofschloss vum Hellege Joer 2025
Sonndeg, den 28. Dezember 2025, um 18 Auer an der Kathedral.
-
Dieu a-t-il fait son temps ?
Matinée pastorale avec le Dr. Jan Loffeld, un éclairage sur comment vivre le christianisme lorsque la religion ne joue plus aucun rôle.