Fridden a Synodalitéit: Fir eng missionaresch Kierch am Déngscht vun de Mënschen
Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2026
Léif Schwësteren a Bridder a Christus,
Am Evangelium vum 1. Faaschtesonndeg gesi mir de Jesus, dee viru sengem ëffentleche Wierke vum Geescht an d'Wüüst gefouert gëtt. Säi ganzt Liewe léist hie sech vu Gottes Geescht féieren: Bei déi Krank an déi Arem, bei all déi Mënschen, déi vun aneren ausgeschloss an ofgewäert ginn. Hien ass e Wanderpriedeger. Vun Ufank u wëll hien op sengem Wee seng Muecht mat anere Mënschen deelen. Hie berifft si a sammelt si ëm sech, fir datt si vun him léieren, ier si dann an d’Welt eraus ginn, fir déi gutt Noriicht ze verkënnegen. Esou gëtt hien och eis opgrond vun eiser Daf, duerch déi mir seng Frënn a Bridder a Schwësteren sinn, e Beispill, fir als Eenzelner an zesummen ëmmer nees nei op säi Ruff an op d’Féierung vum Hellege Geescht ze lauschteren. Domat kritt d’Evangelium ëmmer nees neie Relief an eiser Zäit. Mam Jesus um Wee sinn, dat ass all Dag eng nei Erausfuerderung, grad an enger Zäit, an där et net méi evident ass Chrëscht ze sinn oder Chrëscht ze ginn.
Eng missionaresch a synodal Kierch
Fir de Poopst François ass de Wee vun der Synodalitéit dem Herrgott säi Wee fir d’Kierch am drëtte Joerdausend[1]. Am Schlussdokument vun der Synod, dat magisterielle Charakter huet, gi mir opgefuerdert, als Gedeefte mat alle Mënschen de Wee vum Evangelium ze goen. An dës Visioun schreift och de Poopst Leo XIV. sech an. A senger Priedegt beim Jubiläum vun de Synodenekippen Enn Oktober zu Roum huet hien de Message vu sengem Virgänger kloer opgegraff: “Der Heilige Geist drängt uns, aus uns selbst herauszugehen, um auf Gott und unsere Brüder und Schwestern zuzugehen, und uns niemals in uns selbst zu verschließen. Zusammen gehen bedeutet, ausgehend von unserer gemeinsamen Würde als Kinder Gottes an der Einheit zu weben.“
Dëse Wee wëlle mir och zu Lëtzebuerg an der drëtter Phas vun der Synod goen, andeems mir eis nei um Herrgott sengem Wuert ausriichten, op dëst Wuert lauschteren, een deen aneren héieren an d’Zeeche vun der Zäit erkennen: an eise Poren, Mouvementer, Gemeinschaften a partizipative Gremien. Pake mer eng Hand mat un, do wou mir gefrot sinn a wou d’Nout grouss ass!
De Wee vun enger synodaler Kierch schreift sech allerdéngs am Moment an eng Welt an, déi hiren Zesummenhalt verluer huet. Eng Welt, an där net openee gelauschtert gëtt, eng Welt, an där déi Mächteg d’Soen hunn, eng Welt, an där et op esou ville Plaze Gewalt a Krich gëtt, eng Welt, an där d’Muechtdenken en Zesummeliewe bal onméiglech mécht.
De Jesus weist eis am Evangelium um Ufank vun der Faaschtenzäit wéi mir, ënnert der Féierung vum Hellege Geescht, dëse Versuchungen net nogi mussen. Dat fänkt am Klengen un: an der Famill, op der Aarbecht, iwwerall do, wou mir zesumme schaffen a plange sollen.
“De Fridde sief mat iech all!”
Um Ufank vu sengem Pontifikat huet de Poopst Leo sech als e Bréckebauer an e Mann vum Fridde gewisen. Seng éischt Wierder um Balcon vum Péitersdoum den 8. Mee 2025 waren: “La pace sia con tutti voi – De Fridde sief mat iech all!” Dëse Grouss vum Operstanenen u seng Jünger huet de Poopst der ganzer Welt zougeruff. Ëmmer nees ass de Fridden an déi domat verbonnen Haltungen en Theema. A senger Botschaft zum Weltfriddensdag den 1. Januar 2026 huet hien och betount, datt de Fridden, deen de Jesus eis wëll schenken, en “onbewaffneten an entwaffnende” Fridden ass. “Frieden hinterlasse ich euch, meinen Frieden gebe ich euch”, dat biede mir jo och an all Massfeier. Net e Fridde, wéi d’Welt e gëtt (vgl. Joh 14,27), mee e Fridden aus der Léift. Dat ass net de Fridden, deen duerch militäresch Oprëschtung kënnt. Den hellegen Augustinus seet heizou: “Wer den Frieden liebt, liebt auch dessen Gegner”. De Poopst weist eis, datt et net drëm geet, Relatiounen ofzerappen, net bei géigesäitege Virwërf stoen ze bleiwen, mee ëmmer nees nei openeen zouzegoen, sech am Lauschteren op deen aneren anzeloossen, fir am Dialog Weeër vun Hoffnung ze fannen. Dëst gëllt och fir eise gemeinsame Wee an enger synodaler Kierch, dee mir an der Faaschtenzäit bewosst wëlle goen.
An d’Dekanater ënnerwee
Ech sinn an dëse Wochen an eiser Äerzdiözees ënnerwee, fir déi sechs Dekanater ze besichen. Do begéinen ech enger räicher Diversitéit vun deene verschiddene Paren a Gemeinschaften, hir Stäerkten an hir Schwächten. Et ass fir mech eng eenzegaarteg Geleeënheet ze héieren, wat Iech, déi Dir an eiser Kierch op villfälteg Manéieren engagéiert sidd, beweegt an um Häerz läit. Duerfir soen ech Iech e grousse Merci. Et gëtt nach munnech lieweg Gemeinschaften uechter d’Land, vu lëtzebuerger, franséischer, portugisescher, italieenescher, englescher, spuenescher, polnescher oder anerer Sprooch. Dat kierchlecht Liewe wäert awer net iwwerall an Zukunft weider bestoe kënnen, wéi dat ëmmer war. Et wäert sech vill änneren, awer dofir net verschwannen, well mir si mat Jesus Christus ënnerwee, zesummen, synodal.
Fir mech ass eng synodal Kierch eng Kierch, an där all Chrëscht seng Daf eescht hëlt. Dat bedeit säin Engagement als Gedeeften no banne wéi no baussen ze liewen. All kierchlechen Engagement muss den Asaz no baussen am Bléck hunn. Als Kierch sti mir och am Déngscht vun der Gesellschaft. Den Engagement fir Fridden a Gerechtegkeet, fir d’Erhalung vun der Schëpfung, d’Suerg ëm déi Marginaliséiert a vill aner Beräicher gehéieren dozou.
Avanti piccolo Lussemburgo (Poopst François)
Léif Bridder a Schwësteren, als Äre Bëschof ginn ech ganz gäre mat iech dëse Wee weider, an eisen neie Poopst Leo och. Dat huet hie gläich bei senger éischter Usprooch un d’Kardineel den 10. Mee däitlech gemaach: „Und in diesem Zusammenhang möchte ich, dass wir heute gemeinsam unsere volle Zustimmung zu diesem Weg erneuern, den die Weltkirche seit Jahrzehnten in der Folge des Zweiten Vatikanischen Konzilseingeschlagen hat.“ D’Geschwësterlechkeet an d’Synodalitéit spillen op dësem Wee eng wichteg Roll. Eis éischt Prioritéit och als Kierch hei zu Lëtzebuerg ass d’Verkënnegung vum operstanenen Här Jesus Christus, deen de Wee, d’Wouerecht an d’Liewen ass.
Kucke mir zum Schluss op Maria, eis gutt Tréischterin. Zanter méi wéi 400 Joer ass si mat eis um Wee. Hirem Schutz an hirem Gebiet wëll ech eis elo all uvertrauen, mat de Wierder vum Poopst Leo den 8. Dezember zu Roum:
Mutter des Gottes mit uns.
Hilf uns, immer Kirche mit und unter den Menschen zu sein,
Sauerteig in einer Menschheit, die Gerechtigkeit und Hoffnung erfleht.
Unbefleckte Jungfrau, Frau von unendlicher Schönheit,
nimm dich dieser Stadt, dieser Menschheit an.
Zeige ihr Jesus, führe sie zu Jesus, stelle sie Jesus vor.
Mutter, Königin des Friedens, bitte für uns!
Amen
Lëtzebuerg, den 13. Februar 2026,
um Doudesdag vum Nicolas Adames (1887), éischte Bëschof vu Lëtzebuerg.
+ Jean-Claude Kardinol Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
[1] Gisbert Greshake, Wohin geht die Kirche?, Poopst Franziskus, 2015, zit. no der Internationaler Theologekommissioun, S. 222
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
Fridden a Synodalitéit: Fir eng missionaresch Kierch am Déngscht vun de Mënschen
Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2026
-
30. Nationalen Dag vun der Resistenz
De Sonndeg 22. Februar 2026 huet de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, um 30. Nationalen Dag vun der Resistenz um 11.00 Auer…
-
Visite de Sa Béatitude le cardinal Bechara Boutros Raï
Son Éminence le cardinal Jean-Claude Hollerich, archevêque de Luxembourg, se réjouit d’accueillir à Luxembourg Sa Béatitude le cardinal Bechara…
-
« À travers vous nous voyons que Dieu est vivant »
19 confirmands et 44 catéchumènes veulent répondre à l’appel du Christ. Ils seront confirmés et baptisés à Pâques.
-
La Fédération européenne "One of Us" alerte
L'Union européenne ne doit pas financer les avortements transfrontaliers.