Liebe Jungen und liebe Mädchen, guten Abend!1]
Den Highlight vun der Woch war de CIM[2]-Festival mat dem Owesgebiet mam Poopst. Mir alleguerten haten déi grouss Chance doru mat 50.000 anere Massendénger deelzehuelen. Dobäi waren eist Land an eis Sprooch ganz präsent. Ee vun eis huet virgesongen, eent vun eis gebiet. Eisen Äerzbëschof Jean-Claude Kardinol Hollerich huet d‘Owesgebiet geleet.[3]
Der Petersplatz ist immer schön, aber mit euch ist er noch viel schöner.
Et war ganz faarwefrou, all déi verschidde Gruppe mat hire Fändelen, T-Shirten, Kapen a Fändelen aus 20 Länner. An dann d‘Begeeschterung, wann de Poopst komm ass, dat gemeinsaamt Sangen a Bieden: jo, d‘Péitersplaz war schéin.
Vielen Dank, dass ihr nach Rom gekommen seid; vielleicht ist es für einige von euch das erste Mal. Willkommen!
Fir déi Meescht vun den 51 Massendéngerinnen a Massendénger aus dem Lëtzebuerger Grupp war et effektiv déi éischte Kéier zu Roum. Si waren encadréiert vu siwe Monitricen a Moniteuren, véier Geeschtlechen an der Nationaldirektesch. Geleet gouf d‘Wallfaart vun eisem Äerzbëschof. Zesummen hu mir gebiet a Roum entdeckt.
Mich beeindruckt das Thema eurer Wallfahrt: „Con te“. „Mit dir“. „With you“. „Avec toi“.
Mat dir: mam Härgott si mir ënnerwee. Am Lidd vun der Wallfaart heescht et: „Ech si mat dir, halen deng Hand. Ech ginn dir Kraaft fir däi Liewen.“[4]
Danke, liebe junge Freunde! Und einen guten Weg zusammen mit Jesus! Danke, vielen Dank!
Zum Schluss vun eiser Rees hu mir eiser Nationaldirektesch Merci gesot fir hir vill gutt Aarbecht an deene 25 Joer, wou si elo hir Missio huet.
A mir alleguer gi weider op eisem Wee mat dem Jesus an eise Paren, als Massendéngerinnen a Massendénger.
[1] Déi däitsch Extraite sinn aus der Usprooch vum Poopst un d‘Massendénger: https://www.vatican.va/content/francesco/de/speeches/2024/july/documents/20240730-ministranti-europei.html
[2] International Federatioun vun de Massendénger: www.minis-cim.net
[3] Link zum Video: https://m.youtube.com/watch?v=8tP4ud9DBM4
[4] Link zum Text vum Lidd: https://web.cathol.lu/IMG/pdf/with_you_mit_dir_contigo_-_partitur.pdf
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
Jubilé des jeunes : en route pour Rome !
Du 27 juillet au 4 août, suivez les jeunes du diocèse. Passage des portes saintes, réconciliation, veillée de prière avec Léon XIV...
-
25 juillet 325 : fin du Concile de Nicée
Il y a 700 ans, les bases du Credo étaient posées.
-
D’Mass vum 27. Juli gëtt vun Eeschwëller iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Lourdes 2025 : Avec Marie, pèlerins d'Espérance
Du 21 au 26 juillet, le pèlerinage diocésain à Lourdes a réuni près de 200 participants, malades et accompagnateurs. Récit et images.