Wallfaarten zur Schwaarzer Noutmuttergottes
D'Par Lëtzebuerg Notre-Dame invitéiert während der Faaschtenzäit an d'Kierch am Stadgronn
Léif Matbridder,
Léif pastoral Mataarbechterinnen a Mataarbechter,
D’Faaschtenzäit réckelt méi no a mat hir och déi Zäit vun der Wallfaart bei d’Schwaarz Noutmuttergottes am Stadgronn, all Freideg an der Faaschtenzäit.
Verbonne mat enger ganz häerzlecher Invitatioun schécken ech Iech heimadder och dat entspriechend Plakat. Ech wier ganz frou a ganz dankbar, wann Dir dës Plakater kéint an Äre jeweilege Kierchen ophänken. Ech géif Iech och bieden, fir Äre Leit mat gudde Wierder dës Wallfaart un d’Häerz ze leeën.
D’Priedegte stinn dëst Joer ënnert dem Thema vum Jubiläumsjoer: „Pilger vun der Hoffnung“
Als Priedeger hunn dëst Joer zougesot:
- 07.03. Chanoine Tom Kerger
- 14.03. Mgr Georges Hellinghausen
- 21.03. Abbé Jakob Zeilinger
- 28.03. Abbé Tristan Häcker
- 04.04. Abbé Yves Olinger
- 11.04. Abbé Jacques Bruns
Wann dir selwer eng Wallfaart an de Stadgronn organiséiert, da wier ech frou, wann Dir äis den Dag vun Ärer Wallfaart géift matdeelen am Sekretariat vun Notre-Dame (Tel.: 22 29 70 – 1 oder per E-Mail: notre-dame@cathol.lu).
An der Hoffnung, Iech bei dëser Geleeënheet kënnen ze begréissen, verbleiwen ech mat menge beschte Gréiss
Tom Kerger
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
Dans la basilique du Saint-Sépulcre, rencontrer l’ « absence réelle »
Carnet de pèlerinage, chapitre 5 : comme le Christ est réellement présent dans l’Eucharistie, Il est réellement absent du tombeau vide.
-
Prier avec le Pape
La vidéo du Pape pour le mois d'avril. Ce mois-ci, Léon XIV nous invite à prier pour les prêtres en crise.
-
25 Projeten ënnerstëtzt
D’Fondatioun Sainte-Irmine huet hire Joresrapport 2025 publizéiert.
-
D’Mass vum 12. Abrëll gëtt vun Helleng iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien